Coming Out DayMembere vun der LGBTQ-Community am Eldo-Interview

Um Dag vum Coming Out, den 11. Oktober, hunn d’Caroline, de Romain an d‘Jeannine Eldoradio hir ganz perséinlech Geschichten erzielt.

Leschten Update: 13.10.2018, 10:42:30

© Pexels

Den 11. Oktober ass den Dag vum Coming Out. An deem Kader huet Eldoradio bei dräi Memberen aus der LGBTQ-Communautéit nogefrot, wéi d’Liewe virun a no hirem Outing ausgesinn huet. Alleguer haten se scho frei d’Gefill, datt si a Punkto Sexualitéit anescht sinn, wéi déi heteronormativ Gesellschaft et virliewt.

D‘Caroline, eemolegen Olivier an elo Transgender, huet no etleche Gespréicher a Kuren gemierkt, datt hatt am falsche Kierper stécht. Wat ufanks net evident war, an och nach ëmmer net ganz einfach ass, war allerdéngs e wichtege Schrëtt fir déi 41-Järeg. Seng Famill, virun allem säi Papp, huet him vill erméiglecht an et ënnerstëtzt. Trotzdeem ass nach net jidderee mat der neier Identitéit am Réngen a nennt d’Caroline nach bei sengem alen Numm, deen et scho viru Joren ofgeluecht huet. Eegenen Aussoen no, ass et "haart, 2 esou Liewe mussen ze féieren", allerdéngs ass sech ze verstoppe keng Léisung!

Lauschtert hei dem Caroline seng Geschicht!


Och d’Jeannine, 47 a lesbesch, lieft dat Liewen mat deem et him am Beschte geet: An dat ass zesumme mat enger anerer Fra. Nodeems d’Bestiednis mat engem Mann aus diverse Grënn net geklappt hat, huet d’Caroline sech berufflech nei orientéiert an huet doropshi gemierkt, datt et och sexuell eng Verännerung bréicht. Kuerz nodeems et mat der LGBTQ-Zeen a Beréierung komm ass, huet et gemierkt, an där Communautéit fillt et sech wuel an do ass et ukomm. Och wa seng Mamm ufanks gemengt hat "et wär just eng Phas", hält déi elo schonn iwwer 20 Joer.

Lauschtert hei dem Jeannine seng Geschicht!


Scho mat 19 war et beim Romain, 36 Joer an homosexuell, esou wäit an hien huet sech offiziell geout. Dat allerdéngs just bei senger Mamm, där Persoun, bei där et him am wichtegste war, datt hien acceptéiert gëtt. Di aner hunn et no a no matkritt, ëmmerhi war et fir de Romain, a sollt et och fir all aneren ganz normal sinn, datt hie vun elo un ebe mat engem Mann aplaz vun enger Fra am Aarm opdaucht. De Schrëtt sech ze outen ass keen einfachen, net nëmme wéinst eventueller Oflehnung, mee virun allem well een säin eegent Weltbild vu Normalitéit a Fro stellt. Ma trotzdeem ass et een Schrëtt, dee sech lount a fir deen ee sech eng Vertrauenspersoun soll sichen, "da wär dat alles guer net esou schwéier".

Lauschtert hei dem Romain seng Geschicht!



Fir méi Informatiounen zu deem Thema oder wann dir selwer Rot braucht, klickt hei.

#Loveislove




Links