Fuerscher behaptenE Marathon lafen - méi gesond wéi ugeholl?

Dacks gouf gesot, datt et net immens gesond wier, un engem Marathon deelzehuelen - och wann een d'kierperlech Fitness dofir hätt.

Leschten Update: 22.10.2018, 18:32:33

© Eldoradio

Etüden aus den 1980er- an 1990er-Joren haten deemools behaapt, datt eisen Immunsystem duerch Ausdauertraining besonnesch belaascht géif ginn. An deemolegen Ënnersichunge goufe Leefer nom Los Angeles Marathon gefrot, ob se déi Deeg nom Laf Symptomer vun Infektiounen opgewisen hätten.

Déi meescht haten effektiv uginn, datt se krank waren. Konklusioun hei war deemno, datt Ausdauertraining de Risiko vun Infektiounen erhéije géif. Ma vu Säite vun Doktere gouft dëst Resultat awer ni confirméiert.

Méi rezent Etüden hunn elo ermëttelt, datt dës Symptomer duerch Allergien an aner Facteuren ausgeléist goufen, an net duerch reell Infektiounen.

Am Ufank vun eisem Training geet d'Unzuel vun eisem Immunzellen am Blutt staark erop. Dëst sinn also Zellen, déi eis géint Infektioune schützen. Nom Training gouf ugeholl, datt d'Zellen zerstéiert ginn, well d'Unzuel sech nees reduzéiert. Ma dat ass awer net esou: D'Zelle verdeelen sech just méi am Kierper a ginn op déi Plazen, déi nom Training besonnesch ufälleg fir Infektioune sinn. Wéi eis Longen zum Beispill. Dës gi wärend engem Training besonnesch beusprocht, deemno beweegen sech d'Zellen nom Sport dohinner.

Deemno ass e Marathon net ongesond, vill méi schafft also eisen Immunsystem méi effikass an den Alterungsprozess geet méi lues virun. Wisou a fréieren Etüden d'Leit uginn hunn, datt se nom Training krank goufen, kann awer aner Grënn hunn: Bei engem Marathon sinn esou vill Leit op enger Plaz, datt de Risk, sech z'infizéieren, méi héich ass. D'nämmlecht ass et fir den ëffentlechen Transport. Och de Stress, ënnert deem ee steet, ka krank maachen.

Natierlech gëllt et hei awer opzepassen. E Marathon ass op kee Fall gesond, wann een net genuch virbereet ass an een net de sportlechen Niveau huet, dee verlaangt gëtt.

Lauschtert hei de komplette Reportage