Richteg oder just erfonnt?X-Factor kënnt zréck!

Am November heescht et erëm: "Konnten Sie die Wahrheit von der Lüge unterscheiden?"

Leschten Update: 23.10.2018, 21:08:11

© Screenshot YouTube

Vun 1998 bis 2012 ass um däitschen RTL II d'Mystery-Serie X-Factor: Das Unfassbare gelaf.
45 grujeleg Episoden, déi wuel Jiddereen a senger Kandheet gekuckt huet. Ob d'Elteren et wollten oder net.
An all Episod huet den Jonathan Frakes 5 mysteriéis Geschichten erzielt. Hei konnt een da selwer roden, ob se wierklech geschitt oder just fräi erfonnt waren.


Viru 6 Joer gouf d'Serie da vun der däitscher Kommissioun vum Jugendmedienschutz agestallt.

Am Kader vum 20. Jubiläum sollen de 4. November zwou ganz nei an Däitschland produzéiert Episoden op RTL II gewise ginn.
Den Jonathan Frakes ass leider net mat dobäi. Ersat gëtt hien duerch den Detlef Bothe.

De 4. November heescht et also erëm : Wourecht oder Ligen?