Modern, almoudesch oder zäitlosDroen Nimm zur Attraktivitéit bäi?

Verschidde Virnimm ginn als attraktiv wouergeholl anerer éischter net. Wéi Fuerscher elo erausfonnt wëllen hunn läit dat och un der Zort vum Numm.

Leschten Update: 23.10.2018, 16:51:59

© Pexels

Eisen Numm begleet eis meeschtens bis un d'Enn vun eisem Liewen. Och wann deen een oder aneren net all ze glécklech mam Choix vun den Elteren ass, meeschtens stéiert en awer net esou vill, dass een e muss änneren. Ma dass en Numm vill méi ass, wéi eng Bezeechnung wëllen elo Fuerscher vun der technescher Universitéit zu Chemnitz erausfonnt hunn.

Ënner anerem hat nämlech do eng Etüd erausfonnt, wéi e Virnumm am meeschte mat Attraktivitéit verbonne gëtt. Gutt, et handelt sech dobäi zu engem Groussdeel ëm däitsch Nimm, mä fir vill Nimm ginn et jo och Lëtzebuergesch Varianten.


Detailer aus Nimm schléissen ass begrenzt méiglech

Et ass jo dacks esou, dass mir, wa mir en Numm héiere schonn iergendwéi probéiere verschidden Detailer doraus ze schléissen. D'Geschlecht klappt meeschtens awer net ëmmer, bei Alter oder Intelligenz ass et jo u sech onméiglech. Ma dass mir effektiv onbewosst Nimm scho verschidden Informatiounen zouuerdnen, dat wollten d'Fuerscher vun der Universitéit Chemnitz confirméieren. Dofir goufen 30 männlech an 30 weiblech Virnimm de Kategorien almoudesch, zäitlos a modern zougeschriwwen.

Zäitlos Nimm si méi laang attraktiv

D'Resultat war, dass déi 146 Befrote Persoune mat modernen Nimm als méi attraktiv ageschat hunn wéi Persoune mat zäitlosen oder almoudeschen Nimm. Ma d'Fuerscher soen awer, dass déi zäitlos Nimm iwwer méi laang Zäit hir Attraktivitéit a Beléiftheet halen.

Bei Frae war et d'Julia, also dat Lëtzebuergescht Julie, dat et op déi 1. Plaz vun dëser Attraktivitéitslëscht gepackt huet. Duerno kommen d'Sophie, d'Lea an d'Lara deelen sech Plaz 3, d'Marie an d'Sarah d'Plaz 4 an d'Lena war am 5. attraktiivsten.

Bei de Männer war een Numm op der 1. Plaz, deen et hei awer éischter an der franséischer Variant oder als Ofkierzung dacks gëtt, den Alexander. Och de Gros vun den aneren Nimm, war éischter klassesch Däitsch, ob Leon, Luca, Tim, Maximilian oder Jonas. Op der 9. an der 10. Plaz fënnt een dann nach de Felix an den David, Nimm also, déi och hei ganz geleefeg sinn.

Resultater net ze eescht huelen

Iwwregens gouf en ähnlechen Test och wa wäit manner wëssenschaftlech och scho vum Online-Singleportal eDarling duerchgefouert. Do wollt ee wëssen, wéi eng Fraennimm bei Männer am mannste gutt ukommen. D'Laura, d'Petra, d'Sylvia d'Johanna an d'Chantal hu sech dobäi als déi Nimm erausgestallt, déi am mannste gutt bei Männer ukommen. All ze eescht sollt een déi ganz Experimenter awer natierlech net huelen.