Weltdag vum Hireschlag"D'Iddi, datt just eeler Persoune betraff sinn, ass passé!"

En Hireschlag - en Thema, mat deem ee sech selwer net onbedéngt beschäftegt. An awer ass et enorm wichteg, d'Warnzeechen eescht ze huelen.

Leschten Update: 26.10.2018, 14:40:10

© Eldoradio

Deem ass awer net esou. Dacks geschitt et am Bekanntekrees oder souguer an der eegener Famill: D'Bom, de Pätter oder d'Mamm - datt den Hireschlag net prioritär bei der méi eelerer Populatioun optrëtt, ass dacks net jidderengem bewosst. D'Chantal Keller, Presidentin a Grënnerin vun der Blëtz asbl, ënnersträicht, datt een d'Warnzeechen net ignoréieren dierf.

Méiglech Warnzeeche sinn ënnert anerem, datt fir e puer Sekonnen e Kierperdeel komplett aussetze kann. Beim Chantel war et d'Hand, déi d'Glas net méi hale konnt. Anerer sinn iwwert hir Gesiichtszich net méi Meeschter, beim Laachen hänkt dann eng Säit méi no ënnen, wéi déi aner. Et kann ee weder schwätzen nach sech beweegen. Ma esou ass et dann och schwéier, sengem Ëmfeld ze soen, wat lass ass. Deemno ass et un de Leit ronderëm, datt dës séier ze reagéieren. D'Chantal hat mat 47 Joer en Hireschlag gemaach. Et kann all Eenzelen treffen - sou dramatesch dat och kléngt, entsprécht dëst awer der Realitéit. De Risk, en Hireschlag ze maachen, erhéicht sech natierlech mam Alter, ma awer kann och déi jonk Generatioun Affer ginn.

Lauschtert hei de komplette Reportage

D'Traitement bei de jeeweilegen Dokteren ass immens wichteg. Ma et muss een och eegestänneg Efforte maachen. Courage, Motivatioun an Optimismus - dat héiert ee beim Chantal eraus - sinn d'Grondviraussetzunge fir eng effikass Heelung. Wann dir den Owend an den Auto klammt, goufen et iwwert de ganzen Dag verdeelt 4 Leit, déi en Hireschlag haten. D'Warnzeeche kënne villfälteg sinn, ma d'Lämung vum Gesiicht oder enger Kierpersäit trëtt am dacksten op. En Hireschlag changéiert dat eegent Liewen, ma och dat vun der Famill an de Kollegen. Et ass e Prozess, deen e Liewe laang dauert a mat deem sech ausernee setze muss.

Da ginn e Freideg bei verschiddene Bäckereie sougenannte "Blëtz-Eclaire" verkaaft. E Sonndeg den 28. Oktober, een Dag virum Weltdag vum Hireschlag, gëtt am Beetebuerger Schlass vu 16.00 bis 19.00 Auer eng Konferenz organiséiert, fir ënnert anerem op de Schlag opmierksam ze maachen.

© bletz.lu

D'Chantal Keller huet dann och e Buch zu deem Thema publizéiert: Man muss ein Kämpfer säin! Das Leben nach einem Schlaganfall, an de Sproochen Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch ze kréien. Op bletz.lu ginn et weider Informatiounen.