Santa Claus VillageWou wunnt de Kleeschen?

Wollt dir dem Kleeschen och schonn ëmmer e Bréif schécken?

Leschten Update: 19.11.2018, 05:02:06

© Unsplash

Bis ee vu sengen Elteren an dat kaalt Waasser vun der Realitéit geheit gëtt, ass een nach voller Virfreed op dee mi eeleren, bäertegen, rout-wäiss ugedoene Mann, dee mat senge Rendéiere ronderëm d'Welt flitt, duerch de Kamäi klotert an de Kanner Kaddoen ënnert de Beemche leet.

Iergendwann kënnt dann awer leider den Dag, op deem ee gewuer gëtt, dass de Kleesche guer net existéiert an de ganze Chrëschtdagszauber verflitt. Mee dat muss net esou bleiwen!

An Finnland gëtt et nämlech dat sou genannte Santa Claus Village. Den Dram vun all Kleeschen a Chrëschtdagsfan.

© Unsplash

Residéiere kann een do zum Beispill am Artic TreeHouse Hotel. Dat si modern Bungalowe mat Bësch-Flair, déi tëscht de schnéibedeckten Dännebeem am Park stinn.

Eng Alternativ wier dann d'Nova Skyland Hotel. Do lieft een an engem ganz modernen a cosy ageriichtem Bësch-Haischen an deem 2 oder souguer bis zu 8 Leit Plaz dra fannen.

Dat allerbescht um Park ass awer d'Santa Claus Post Office. Dat ass d'Haaptadress, wou d'Bréiwer fir de Kleeschen ukommen. An dat ass kee Witz! Aus der ganzer Welt kommen do all Joer méi wéi eng hallef Millioun Bréiwer un, voll mat Chrëschtdagswënsch, déi un de Kleeschen adresséiert sinn.

Et kann ee souguer en ënnerschriwwene Bréif vum Santa Claus bestellen, deen da pünktlech fir Chrëschtdag ukënnt.

D'Kréinung vun deem Ganzen ass, dass am Park just Elfe schaffen.

© Unsplash

Wann dir dem Kleeschen och elo héchstperséinlech e Bréif schécke wëllt, ass hei déi richteg Adress:

Tähtikuja 1
96930 Rovaniemi
Finland