Venedeg, Maldiven a RhodosPlazen, déi duerch de Klimawandel verschwanne kéinten

Eng ganz Rëtsch Naturwonner a prominent Sightseeing-Plazen op der ganzer Welt kéinten duerch de Klimawandel an e puer Joer net méi do sinn.

29.10.2018, 08:12:03

© AFP/Archiv/Lakruwan WANNIARACHCHI

Enger Fuerscherequipe vun der däitscher Universitéit Kiel no, kéinte ganz vill bekannt Plaze weltwäit duerch d'Äerderwiermung komplett verschwannen. Zemools wieren d'UNESCO-Weltkulturierwe besonnesch betraff, wéi och Plaze laanscht d'Küst an d'Mierer.

Bis 2100 géif de Risiko dofir enorm klammen, et kéint ee just net soen, wéini wat zerstéiert géif ginn. Betraff sinn ënnert anerem d'Amalfi-Küst an Italien, d'Medina-Véierel zu Tunis an Tunesien oder och d'Alstad vu Rhodos a Griicheland. Ma och d'italienesch Stad Venedeg kéint an Zukunft net méi op der Weltkaart ze fanne sinn. Duerch de klammende Mieresspigel läit d'Stad all Joer méi déif am Waasser. Venedeg gehéiert iwwerdeems och zum Weltkulturierwen.

Lauschtert hei de komplette Reportage

Eng vun de beléiftsten a luxuriéise Reesdestinatioune kéint och duerch d'Klamme vum Waasser net méi laang erreechbar sinn. Héichrechnunge vun de Vereenten Natiounen no géifen d'Maldiven a spéitstens 100 Joer gréisstendeels ënner Waasser stoen. Geféierlech Suitte vum Klimawandel gesi mer och elo schonn. De Great Barrier Reef, dat weltwäit gréisste Koralleriff virun der Ostküst vun Australien, ass duerch d'Erwiermung vun der Waassertemperatur zënter Jore scho menacéiert.

De Nationalpark an de Rocky Mountains soll duerch d'Äerderwiermung och net méi laang do sinn. Bis spéitstens 2030 sollen d'Gletscher am Park komplett geschmolt sinn. Dem déifste geluechte Séi vun der Äerd - dem Doudege Mier – soll a puer Joer d'Waasser ausgoen. Problem ass, datt vum Jordan, dem zentrale Waasserzoufloss, ëmmer méi Waasser fir d'Landwirtschaft an Drénkwaasserversuergung ofgezaapt gëtt. Bis d'Joer 2050 soll d'Doudegt Mier deemno komplett ausgedréchent sinn