Grënn fir Schluss ze maachenDowéinst trennen déi meescht Männer sech

Enner Wäerter zielen…NET ëmmer! Direkt 23% vun de männleche Partner trennen sech wann d’Fra sech optesch an hygienesch goe léisst.

30.10.2018, 06:29:17

Enger Statistik no si Fraen zwar dat Geschlecht wat méi dacks de Schlussstréch zitt, dofir trennen sech Männer meeschtens ouni Virwarnung. Fir alleguerten déi di ouni Warnschoss verlooss goufen, hei sinn déi 6 heefegst Grënn firwat e Mann d’Koffer paakt a sech duerch d’Bascht mécht.

Wa Männer Schluss maachen, trëfft dat vill Fraen onverhofft. Statistesch gesi ginn zwar 70 Prozent vun all den Trennungen op eis Kap, ma ier et dann esou wäit ass ginn awer an der Reegel 3 Rettungsversich gestart. Männer sinn do net esou kommunikativ. Ma an enger Ëmfro mat 6500 Participanten ass dann elo erauskomm wat déi heefegst Trennungsgrënn sinn.

Bei Suen hält net nëmmen d’Frëndschaft ma och d’Léift op. Direkt 22% trennen sech well de Streit ëm d’Geld, d’Partnerschaft ze vill belaascht. Keen angenehm Thema mee wéinstens huet een sech dann nach eppes ze soen. 44% an domat de 5 dacksten Trennungsgrond ass nämlech de Manko u Gespréicher a gemeinsamen Interessien.

Och Jalousie ass héich am Kurs. Bal d’Halschent vun de befrote Männer huet schonn emol Schluss gemaach well hinnen d’Fra oder d'Frëndin ze mësstrauesch war. Kuckt een allerdéngs op Trennungsgrond Nummer 1 ass d’Jalousie villäicht guer net esou wäit hiergeholl.

Dee wuel brisante Grond steet op der Nummer 3: Direkt 58 Prozent verloossen hir Partnerin well se sech optesch an hygienesch goe léisst. Enner Wäerter olé! An deem Sënn soen 23 Prozent vun de Männer datt di extra Kiloen déi am Laf vun der Bezéiung dobäi komm sinn de Bezéiungskiller sinn.

Op Plaz 2 léit de Fräiraum, dee 64 Prozent vun de Männer anscheinend net hunn. Wien säi Mann ze vill anengt kann also domat rechnen datt hie ganz séier d’Flucht ergräift.

An op der Nummer 1, wéi bei der Jalousie schonn ugedeit, steet di aner Fra. Eng laang Affär ass di heefegst Ursaach fir d’Libes-Aus. 71% vun de Männer hunn agestanen datt d’friemgoen, an dat iwwer länger Zäit, Trennungsgrond Nummer 1 ass.

Ma dann, eddi a merci...