
© Pixabay
Suen ass eppes vun deem ee bal ni genuch huet. Natierlech ginn et Ausnamen, mä déi meeschte vun eis kéinten sech duerchaus virstellen, der e puer méi ze hunn. An dobäi gi mir am Alldag awer vill Suen aus, fir Saachen, déi onnéideg sinn oder déi een sech u sech kéint spueren.
Den Iwwerbléck behalen
Et geet hei net drëms, fir de bekannte Knéckjang eraushänken ze loossen an Tricke wéi Sperrmüll sammelen oder ëmmer dat bëllegst kafen, nee et geet drëms, fir bewosst mat Suen ëmzegoen.
A wat een esou fir wéi eng Saachen ausgëtt, dat gëtt engem eréischt bewosst, wann een en Iwwerbléck kritt. Dofir ass et net schlecht e klengt Notizbuch unzeleeën an deem ee seng Ausgabe festhält – esou als Zort finanziellt Tagebuch. Da freet een sech um Enn vum Mount net, firwat erëm méi fortgaangen ass, wéi erakomm ass an et kann ee sech selwer froen, ob verschidde Saache wierklech néideg waren.
An nach eng aner Lëscht ass beim Spueren enorm wichteg, nämlech d'Akafslëscht. Bleift een do streng mat sech selwer, da keeft een och just dat, wat och drop steet a keng Dommheeten, déi een duerno guer net brauch.
Spueren ouni dass et wéideet
En anere klengen Trick ass déi bekannte Spuerbéchs. Wann een do all Kéier 1, 2 oder 5 Euro dra gehäit, wann een se grad am Portmonni huet, da stéiert dat kuerzfristeg net, lount sech awer op laang Dauer. Dat ka jidderee confirméieren, dee schonn emol eng Tut mat Mënz, déi sech iwwer Joren ugesammelt hunn op d'Bank bruecht huet, dass och dat sech lount.
Och d'Bibliothéik oder soss Méiglechkeeten sech Bicher oder Zeitungen auszeléine spueren dat eent oder anert Abonnement. Dat selwecht gëllt fir Abonnementer, déi een eng Kéier gemaach huet an déi een u sech guer net brauch.
Beim Iesse léisst sech och ganz vill spueren. Manner Restaurant, manner ewechgeheien a méi onverschaffte Produiten notzen - domat kann ee seng Depensen uerdentlech drosselen.
Ongenotzte Saache verkafen
Mat e bëssen Aarbecht verbonnen ass eng weider Méiglechkeet, u sech ass et an der Tëschenzäit awer ganz einfach: Ausmëschten a Verkafen. Via eBay, Facebook-Floumaart-Gruppen oder dem analoge Floumaart ass dat keng grouss Affär méi.
An um Enn nach eng Spuerméiglechkeet, déi och der Natur guttdeet: Zu Fouss, mam Bus, mam Vëlo oder wa mam Auto, zesumme fueren – och hei ginn et jo vill Appen, déi d'Organisatioun massiv vereinfachen. An och wann e Joresticket fir den ëffentlechen Transport net geschenkt ass, rechent iech emol aus, wat dir d'Joer fir Bensin, Reparaturen, Pneuen a Revisiounen ausgitt.