Am Auto/Bus oder an der ËffentlechkeetWat ass op Halloween verbueden?

D'Vermummungsverbuet verbitt et op verschiddenen ëffentleche Plazen, säi Gesiicht ze verstoppen. Ma wat bedeit dat fir Verkleedungen?

Leschten Update: 04.11.2018, 07:53:02

© Pexels

Fir Halloween zéie vill Leit verkleet duerch d'Stroossen oder déi verschidde Baler uechter d'Land. A wat wier dee beschte Kostüm ouni eng grujeleg Mask, dass d'Leit dann och esou richteg erschrecken. Ma mam Opkomme vum Vermummungsverbuet an der Ëffentlechkeet stellen sech hei awer eng Rëtsch froen.

Gemengereglement a Vermummungsverbuet gesinn Ausname vir

D'Vermummungsverbuet an déi verschidde Gemengereglementer soe ganz kloer, dass e Bedecke vum Gesiicht an der Ëffentlechkeet net erlaabt ass. Ma keng Angscht, dat ruinéiert är Pläng fir Halloween net, et ginn nämlech och Ausnamen.
Esou ass do festgehalen, dass fir Fester, traditionell Manifestatiounen oder d'Fuesent dëst Verbuet net gëllt. Wat awer elo Gebaier ugeet, do wier et esou, dass een déi intern Reglementer misst respektéieren, esou de Porte-Parole vun der Police, Frank Stoltz.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Gesonde Mënscheverstand spille loossen

Allgemeng sollt een de gesonde Mënscheverstand spille loossen an ob erlaabt oder net sollt ee keng aner Persoun belästegen oder menacéieren.

Weider ginn Aktioune wéi Eeër op Haiser ze schéissen oder muttwëlleg Zerstéierungen natierlech vun der Police als Vandalismus traitéiert. Et misst een awer soen, dass d'Police fir Halloween souwisou net wierklech méi ze dinn hätt wéi op aneren Deeg.

Géigesäitege Respekt

Et sollt een eben déi respektéieren, déi net feiere wéilten, d'selwecht wéi déi déi respektéiere sollten déi feiere wéilten. Wat elo d'Fuere mam Auto ugeet, do ass d'Reglement méi kloer. Et muss een d'Kontroll vum Auto behalen an all Manöver kënnen duerchféieren.

Wann ee mat der Verkleedung den ëffentlechen Transport hëlt, da gëllt et och hei de gesonde Mënscheverstand spillen ze loossen, esou de Frank Stoltz nach.