Top 10 Stied fir 2019Wou soll een nächst Joer an d'Vakanz fueren?

Lonely Planet huet seng Bestsellerlëscht virgestallt mat den Top Reesziler fir 2019.

Leschten Update: 05.11.2018, 07:59:30

© Ludovic MARIN / AFP

Lonely Planet gëtt ëmmer nees Virschléi, wou een an d’Vakanz ka fueren. Si stellen eng Lëscht mat Stied op, wou si mengen, dass se méi Popularitéit verdéngt hunn, oder fir Stied ze ënnerstëtzen, déi z.B. Naturkatastrophen iwwerstanen hunn.

D'Nummer 1 fir 2019 ass d’Haaptstad vun Dänemark, nämlech Kopenhagen. Dës hipp Stad gëtt als propper, gréng a kompakt bezeechent, wou d’Liewensqualitéit ganz gutt soll sinn. D’Awunner fueren am léifste mam Vëlo, d’Mier ass glaskloer an dat ofwiesslungsräicht Iessen ass och ganz beléift. Et kann een net nëmmen déi kleng sou genannten Meerjungfrau besiche goen, mee och de futuristesche Kulturzentrum BLOX an eng bestëmmten Offallverbrennungsanlag sinn eng Visitt wäert, well déi nämlech Schi-Pisten a Spadséierwee um Daach huet.

Op der zweeter Plaz steet Shēnzhèn, eng méi onbekannte Stad a China. Si charakteriséiert sech duerch extrem modern Gebaier a futuristeschen Iddien. Och d’Konscht- an Designzeen kënnt hei net ze kuerz. Et soll eng gutt Plaz si fir dat modernt China kennenzeléieren, dat een och mat enger Rees op Hongkong verbanne kann.

Bronze kritt déi zweet gréisste Stad a Serbien, an zwar Novi Sad, wou méi hip ass wéi d’Haaptstad Belgrad. Si ass fir 2019 och als "Jugendhaaptstad" ausgezeechent ginn an 2021 wäert si souguer d’europäesch Kulturhaaptstad ginn. Dës Stad ass also een definitive Must fir all Jonken.

Nëmmen 3 Joer nodeems Kathmandu am Nepal duerch ee schwéiert Äerdbiewen zerstéiert gouf, erlieft dës Stad ee richtege Boom a kënnt op déi 5. Plaz. Nieft guddem Iessen a ville Wellnessofferen huet si vill mëttelalterlech Architektur ze bidden, déi mat der Kultur am Himalaya zesummenhänkt.

Als Nummer 1 vun de Länner gouf da Sri Lanka ausgewielt an als bescht Regioun dem Leonardo da Vinci seng Heemechtsregioun, nämlech de Piémont an Italien.

Lauschtert Iech hei de Reportage un: