Konscht als TherapieDoktere kënne Visitten a Muséeë verschreiwen

Konscht ka glécklech maachen. Dofir dierfen Dokteren am kanadesche Montreal zënter neistem hire Patienten Visitten a Muséeë verschreiwen.

Leschten Update: 02.11.2018, 07:09:48

© pexels.com

An engem weltwäit eenzegaartege Projet kënnen Dokteren a Kanada eng nei Aart vun Therapie verschreiwen. Dobäi geet et awer net ëm Medezin mä ëm eppes ganz aneschtes. Nämlech ëm Konscht.

Projet vum Montreal Museum of Fine Arts an der Dokterorganisatioun Médecins francophones du Canada (MdFC)

Am franséisch-sproochege Montreal kënnen Dokteren zënter dem 1. November eng Visitt am Musée als sou genannte Medezin verschreiwen. Méi wéi 100 Doktere maache well bei dëser ongewéinlecher Therapie-Form mat: Kultur op Rezept sou ze soen. Mat de Verschreiwunge vun den Doktere solle Muséeë-Visitte fir dausende Patiente mat kierperlechen a geeschtege Problemer zougänglech ginn.

A wéi soll engem dat hëllefen?

D’Medeziner hoffen op déi heelend Wierkung vun der Konscht. Den Experten no géifen et ëmmer méi wëssenschaftlech Beweiser fir d’Notze vun der Konscht-Therapie ginn. Eng Visitt am Musée kéint deemno d’Quantitéit vum Gléckshormon Serotonin steigeren. Awer och fir Patienten an der Palliativ-Medezin, Mënsche mat Diabetis a fir chronesch Kranker géifen et Virdeeler ginn. An Therapie-Ariichtungen an Europa gehéieren z.B. kreativ Aktivitéite wéi Molerei dacks zum Standardprogramm.

D’Ordonnance gëllt fir bis zu zwee Erwuessener an zwee Kanner. Den Entréespräis vu bis zu 15 Euro fält deemno ewech, et brauch een also näischt ze bezuele mä just seng Zäit ze genéissen an ze heelen.