Life of Bryan - Red Dead Redemption 2Grand Theft Auto but so much more

Red Dead Redemption 2 hat, no dem onerwaarten Erfolleg vum 1. Deel, grouss Erwaardungen ze erfëllen, deemno war den Hype fir den Oktober Release grouss

Leschten Update: 13.11.2018, 04:00:46

© Eldoradio

Ech wëll net grouss ronderëm de Bräi dréinen:
Red Dead Redemption 2 ass eng absolut Tour de Force vun de GTA Maacher.



Et ass eng wonnerbar Demonstratioun vun deem wat Rockstar Games am Beschte kann:
World Building. Hir gréisste Stäerkt ass et atmosphäresch Welten ze kréeiren an déi een sech stierze wëll fir ni méi erauszekommen.

Et fänkt mat der wuel schéinster Open-World bis elo un. De Wëlle Weste bitt wäitleefeg, variatiounsräich an virun allem wonnerschéi Regiounen un. Vu verschneite Bierger zu der sonneger Wüst, d’Welt vu Red Dead Redemption geséit wéi en eenzegt Konschtwierk aus.

© Eldoradio


Mä et ass keng eidel Welt an déi Rockstar een erawerft. Wou munch Leit d’Reide mam Päerd oder di anstänneg Schéissmechanik am léifsten hunn, ass mäin absolut Highlight vum Spill d’Welt vu Red Dead Redemption selwer an d’Liewe mat deem des Welt erfëllt ass. Et ass eng stëmmeg a lieweg Welt mat éischtklasseg geschriwwene Figuren an interessante Geschichten di eng Atmosphär hierstelle wéi een se nëmme seelen a Spiller begéint.

© Eldoradio


Dës Welt, a Verbindung mat gutt duerchduechtem, komplexem Game Design an iwwerragender Technik, mëscht Red Dead Redemption 2 zu engem vun de beschte Spiller vun dëser Generatioun.

D’Spill ass natierlech net ouni Feeler. D’Steierung fillt sech Rockstar typesch schwéier an zéih un an de Studio huet a verschiddenen Deeler bewosst Realismus iwwer Spillkomfort gesaat wat de Spillfloss hennere kann.

Red Dead Redemption 2 demonstréiert wat op de momentane Konsole wierklech machbar ass. Et ass kee perfekt Spill, mee di vill Stäerkten iwwertreffe bei wäitem di eenzel Schwächten.