ËmweltschutzSonnecrème-Verbuet fir Korallen ze schützen

Ob mat dem eegene Verméigen, mat moderne Botzmaschinne fir d'Mier oder mat Verbueter – vill Projeten huelen sech dem Naturschutz un.

Leschten Update: 04.11.2018, 07:52:36

© TED ALJIBE / AFP

Gletscher schmëlzen, Koralleriffer stierwen of, de Reebësch gëtt weider ofgeholzt an d'Verschmotzung vum Mier ass bal net méi opzehalen. De Mënsch stellt sech als enorme Problem fir säin eegene Planéit eraus. Vill gëtt probéiert fir dat ze änneren oder op d'mannst ze bremsen, ma esou richteg kënnt een net dogéint un. An awer ginn et ëmmer méi Projeten, déi sech weltwäit fir d'Natur an de Planéit asetzen, deels esouguer andeems se hiert eegent Verméigen dofir ausginn.

Plastiksammelen um oppene Mier

Et gëtt jo vill driwwer geschwat an eng Rëtsch Projete ginn et schonn, fir déi enorm Plastikinselen, déi am Mier dreiwen, allem virun de sougenannte „Great Pacific Garbage Patch“, unzegoen. Een esou e Projet huet den Numm „The Ocean Cleanup“, dee grad am Gaang ass, de Plastik vun där ronn 1,6 Millioune Quadratkilometer grousser Plastikinstel am Pazifik anzesammelen.

© Remko de Waal / www.anpfoto.nl / ANP / AFP


An dat schéngt ze klappen, och wann d'Maschinn, e ronn 600 Meter laange Schlauch, deen de Plastik asammelt, heiansdo nach kleng Problemer opweist. Esou kann dem Boyan Slat no, deen d'Maschinn erfonnt huet, esouguer Mikroplastik agesammelt ginn. De Liewewiesen am Mier schued d'Maschinn net, esou de 24 Joer alen Ingenieur via Twitter. Eng ganz Rëtsch ähnlech Projete sollen esou d'Mier virum Plastik retten.

Hei de Reportage am Toun!


Sonnecrème-Verbuet fir Korallen ze schützen

Ma d'Mier a seng Bewunner ginn nach duerch aner Stoffer verknascht, z.B. duerch eppes, dat mir all benotze, wa mir op d'Plage ginn, nämlech d'Sonnecrème. A ville Crème sinn nämlech Chemikalien dran, déi déi empfindlech Korallen ugräifen.

Den Inselstaat Palau wëllt dofir elo d'Initiativ huelen a vum Januar 2020 un déi Crème verbidden, an deenen dës Stoffer enthale sinn. Ronn 880 Euro kann et da kaschten, wann een esou eng Crème mat Substanze wéi Oxybenzon, Octocrylen a Parabene aféiert.

© STR / AFP


Och op Hawaii ass esou e Verbuet schonn decidéiert, dat trëtt awer eréischt 2021 a Kraaft.

1 Milliard fir weltwäit Schutzzonen anzeriichten

Komplett anescht wëllt elo awer e Schwäizer Milliardär virgoe fir d'Ëmwelt ze retten. 1 Milliard Dollar wëllt den Hansjörg Wyss an den nächsten 10 Joer ausginn, fir weltwäit Land opzekafen an dat dann ënner Naturschutz ze stellen.

Zil ass et, dass bis 2030 ronn 30% vun der Äerd ënner Naturschutz stinn. Domat wëllt de Philanthrop Organisatiounen ënnerstëtzen, déi sech weltwäit fir den Ëmwelt- an Déiereschutz asetzen. Mat dëser Initiativ wëllt hien och d'Politiker an d'Ëffentlechkeet dozou ureegen, sech dësem Zil unzeschléissen.