
© PHILIPPE HUGUEN / AFP
Effektiv muss een dem Reglement vum 1. Oktober 2012 no seng Wanterpneuen net wärend enger bestëmmter Zäitperiod um Auto drop hunn, mä et soll een op d’Wiederkonditiounen oppassen. Am Fall vu Schnéi, Glatäis oder Äisplacke sinn d’Wanterpneuen obligatoresch. D’Reglement hänkt also vum Zoustand vun de Stroossen of.
Eldoradio huet d’Leit dobaussen gefrot, ob si schonn hir Wanterpneuen op hirem Auto hunn an ob si dat selwer maachen oder bei de Garagiste ginn.
Wann een d’Wanterpneuen net drop huet, muss ee mat enger Strof vu 74 Euro rechnen. Dobäi gëtt keng Ausnam fir auslännesch Fuerer gemaach an et soll een och 4 Pneue vun der selwechter Zort hunn.
Eng Alternativ dozou sinn “All Weather” Pneue well een déi nämlech ni muss wiesselen.
D’Police huet och op Twitter gewarnt, dass ee vu 7 Grad Celsius un d’Wanterpneuen op sengem Auto soll hunn, well së besser wéinst der Zesummesetzung vun hirer Gummismëschung sinn.
Pneus d'hiver - Quel est le bon moment?
Premiers flocon de neige tombés aujourd'hui. Votre voiture est déjà équipé des pneu d'hiver?
L’obligation n’est pas applicable pendant une période déterminée de l’année, mais dépend des conditions météorologiques. https://t.co/RqDt2r97gx pic.twitter.com/9MeQUYglz8