London CallingBohemian Rhapsody - den neie Queen Film

Queen ass jo ouni Zweiwel eng vun de bekanntste britesche Bands vun allen Zäiten.

Leschten Update: 05.11.2018, 07:06:05

Bohemian Rhapsody© Twentieth Century Fox

Mee och wann et d’Band an hirer legendärer Zesummesetzung schonn iwwer 25 Joer netméi gëtt, esou huet se hei a Groussbritannien awer nach ëmmer enorm vill Fans. Besonnesch déi britesch Haaptstad ass am Moment total am Queen Féiwer, an dat haaptsächlech wéinst engem neie Film, deen säit dësem Weekend elo och zu Lëtzebuerg leeft.

Lauschtert hei de Reportage:


De Film mam Numm “Bohemian Rhapsody” – benannt no dem wahrscheinlech bekanntste Lidd dat d’Band jee geschriwwen huet – erzielt Geschicht wéi aus dem Farrokh Bulsara de Kënschtler Freddie Mercury gouf, a wéi hien zesumme mat senger Band weltbekannt gouf. Wéi ze erwaarden, steet hei virun allem emol d’Musek vun der Band am Fokus an esou héiert een dann och all hier bekannte Lidder. Vu “We are the champions” iwwert “Don’t stop me now” bis hin zu “We will rock you” ass wierklech alles mat dobäi.

Och wann de Film wuchteg ufänkt an nach méi bombastesch ophält, esou zitt sech dat Ganzt an der Mëtt vun den 134 Minutten awer deels enorm. Och ass et schued, dass méi eescht Themen, ewéi dem Freddie Mercury seng Homosexualitéit oder säi Kampf géint den AIDS net wierklech thematiséiert ginn. Trotzdeem ass de Film ënnerhalsam a kennt enorm gutt bei de Briten un. Déi éischt puer Deeg iwwer huet “Bohemian Rhapsody” eleng hei a Groussbritannien 12 Milliounen Euro agespillt an dem Acteur Rami Malek, deen de Freddie Mercury spillt, gi wéinst senger Performance gutt Chancen op en Oscar nogesot. Et iwwerrascht also keen, dass de Film wahrscheinlech nach eng Zäitchen ganz Uewen an de Kinoscharts hei a Groussbritannien mat dobäi wäert sinn.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter