
© pexels.com
Ongeféier 130 Millioune Léit beherrschen Däitsch a Panjabi, an da kënnt d'Portugiesesch Sprooch mat knapps 230 Milliounen.
Op de Plazen 8, 9 an 10 komme Russesch, Malaysesch a Bengalesch mat ëmmer ronn 260 Millioune Mënschen.
Als nächst komme Sprooche wéi Hindi, Arabesch an Urdu. Franséisch gëtt vu ronn 284 Millioune geschwat an ass op alle Kontinente verbreet.
Op der drëtter Platz hu ma déi Spuenesch Sprooch, déi vu bal 575 Millioune Léit geschwat gëtt.
Déi meescht geschwate Sprooch op der Welt ass net wéi vill Léit menge Mandarine-Chinesesch, mee Englesch.
Ongeféier 1,1 Milliarde Mënsche beherrschen déi Englesch Sprooch a knapps 20 Millioune manner, Mandarine-Chinesesch.
A wéi vill Sprooche schwätzt dir? Eldoradio huet op der Strooss nogefrot: