
© Pixabay
Iessen ass net just eppes wat ee mécht fir sat ze ginn: Iessen ass e Genoss, ma virun allem ass et zu engem lifestyle ginn. Duerch Instagram, an aner sozial Netzwierker, muss alles wat een zou sech hëlt net nëmme gutt schmaache ma et soll virun allem gutt ausgesinn an am beschten och nach erausstiechen aus der Mass. Folgend Produiten hu genee dat gepackt a sinn déi aktuell "food trends" respektiv déi di et nach kënne ginn.
Wéi Chrëschtdag an Ouschteren zesummen, dat ass d’Gefill wat een hat wann een d’Schossel vum Deeg aus-lecke konnt nodeems d‘Kichelcher am Uewe schonn am Gaang waren ze baken. Ma elo brauch een sech dem Bak-Prozess guer net méi unzehuelen, a kann den Deeg direkt genéissen. "Raw cookie dough" als réie Kichelcher-Deeg dat ass den Trend deen aus den USA eriwwer komm ass a mëttlerweil virun allem Däitschland erobert huet. Souwuel a Supermarchéen, wéi och a Caféen oder extra ugeluechte "cookie dough bars" kritt een den Deeg fir d'Direkt-Consommatioun ze kafen. A well dësen, net wéi den Deeg aus eiser Kandheet, mat extra virbehandelt Produite gemaach gëtt brauch een och virum Bauchwéi, deen d’Mamm beim Deeg schneeke prophezeit huet keng Angscht ze hunn.
Coffee Dates leien ëmmer am Trend, wien sech awer aussergewéinlech virkënnt wann en e Latte Macchiato bestellt deen ass net esou in wéi e mengt. Faarweg Lattes sinn den Hit: op rosa Kaffi duerch Granatapel, gëllen Mëllech duerch Kurkuma oder grénge Latte duerch Matcha: faarwegt waarmt Gedrénks ass den Hingucker op Fotoen a kann een elo am Hierscht och nach gutt wiermen. Iwwregens ass Matcha net nëmmen am Gedrénks beléift, ma gëllt och doriwwer eraus als Trend Ingrédient.
Insgesamt sinn net nëmme faarweg Gedrénks bei de foodies gutt ugesinn, iwwerhaapt ass d’Optik wichteg! Och beim Iessen: sief dat Häerzhaftes wéi "Sushi Donuts", Snacks wéi "Mermaid Toasts" oder Séisses wéi "Charcoal Ice-cream", d’An ësst mat. Also wann d’Produiten nom stonnelaange fotograféiere fir Insta a Co. dann nach ze genéisse sinn.
Mee nieft de ganze Food Trends déi kommen a ginn, réckt och nach eppes aneres ëmmer méi an de Virdergrond: méi Nohaltegkeet! Eng Beweegung déi och ëmmer méi an de soziale Netzwierker gepushed gëtt a villäicht méi wéi eng vergänglech Iddi ass.