
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archives/SCOTT OLSON
Dës Wale sinn all 4 Joer an der Halschent vun der Amtszäit vum aktuelle President. Dowéinst heeschen d'Walen Midterm Elections oder och "Tëschewalen". Dës sinn ëmmer den éischten Dënschden nom éischte Méinden am November. Ma awer kann een och scho virum 6. November seng Stëmm ofginn.
Et gëtt een Deel vum Kongress nei gewielt, dozou zielt de Senat wéi och d'US-Representantenhaus. Si decidéieren, wat an der US-Politik leeft. D'Amtszäit vun engem Senater ass op 6 Joer limitéiert an d'Representantenhaus gëtt all zwee Joer komplett nei gewielt. D'Bierger an d'Biergerinne wielen 35 nei Senateure wéi och 435 Sëtz am Representantenhaus. Iwwerdeems ginn och a 36 Staaten nei Gouverneure gewielt. Bei de Kongresswale gewënnt dee Kandidat mat de meeschte Stëmmen. Hei ginn also d'Kandidaten direkt gewielt an net d'Partei. Dat gëllt fir béid Organer. All Staat schéckt zwee Senateuren, dee mat de meeschte Stëmmen, kënnt an de Senat. Beim Representantenhaus kënnt et op d'Walkreesser an d'Walbezierker un. Dës erginn dann zesummen d'Resultat vum jeeweilege Bundesstaat fir d'Representantenhaus.
Hei gëtt souzesoe gekuckt, wéi zefridden d'Vollek mam aktuellen US-President ass. De Moment si mam Donald Trump d'Republikaner un der Muecht. Wann si also d'Majoritéit vun de Stëmme kréien, heescht dat indirekt, datt si bestätegt ginn. Ëmgedréit heescht eng Victoire vun den Demokraten, datt si gestäerkt ervir ginn.
Wann d'Demokraten d'Majoritéit nees fir sech decidéiere kéinten, da géif et fir den US-President méi schwiereg ginn, Gesetzer duerchzesetzen – d'Demokrate kéinten dës nämlech mat enger Majoritéit blockéieren.
