Start Up CornerBluem

Lëtzebuerg ass net onbedéngt als "Fashion Stad" bekannt, mee och hei am Land ginn et ëmmer méi Moudedesigner. Rezent Beispill ass de Kleederlabel "Bluem".

06.11.2018, 16:31:59


Di 3 Grënner vum Moudelabel sinn zu Lëtzebuerg net onbekannt. Den Adriel ass de Manager vum Lëtzebuerger Musekslabel "Summersky Agency", den Jimmy ass Sänger bei der Band Austinn an d’Amii ass Moudebloggerin. "Géint de Stroum schwammen", ass de Motto vun deenen 3.

Wéi d’Amii betount, schwätzt de Logo vun der Mark fir sech. "Bluem" ass also net just ee Moudelabel, mee och ee Statement. A well de Message am Virdergrond steet, ass den Design vun de Kleeder ganz minimalistesch ausgefall.


Lauschtert hei de ganze Reportage



LINK: bluemclothing