Rock The South FestivalEt ginn nach 5 Newcomerbands gesicht!

Duerch dëse Contest goufe scho Gruppen wéi Tuys an District 7 bekannt. Fir d’Editioun 2018 kann ee sech nach umellen!

Leschten Update: 05.11.2018, 16:08:37


Lokalen Newcomerbands eng Méiglechkeet ze ginn, viru Publikum live opzetrieden an sou hir musikalesch Carrière ze starten- dofir steet den Rock the South Band Contest zu Péiteng. Bis den 30. November kann ee sech nach umellen. De Museksstil ass dobäi zimlech breet gefächert.

Aus all den Kandidaturen wielt de Jury 5 Bands aus, déi um Festival jeeweils 30 Minutten spillen dierfen. D’Band déi de Jury um Enn am meeschten iwwerzeegt,  kritt als Präis eng professionell Begleedung.

Lauschtert hei de ganze Reportage


LINK: https://www.facebook.com/