
© Police
Zanter Ufank vum Joer goufen zu Lëtzebuerg schonn 3 Bankomater queesch uechter d'Land aus der Mauer gesprengt. Während dat fir Lëtzebuergesch Verhältnisser relativ spektakulär Aktioune sinn ass et z.B. an Däitschland net grad seelen, dass Krimineller mat esou Methoden u Sue wëlle kommen.
A wéi et dem däitschen Inneministère no heescht kéint d'Zuel vun de gesprengte Bankomaten dëst Joer erëm klammen. Ma och Informatiounen zum geklaute Montant, dem Virgoen an der Hierkonft vun den Täter huet den Inneministère gemaach.
Nidderaanwen, Heischent a Parc Housen
Bis Enn August goufen an Däitschland schonn 248 Fäll registréiert an deene Bankomater gesprengt gi sinn, respektiv an deenen dat probéiert ginn ass. Am Verglach: Zu Lëtzebuerg waren et der 3, eemol am Mäerz zu Nidderaanwen, am Juni zu Heischent an am Juli zu Parc Housen.
Wéi vill do all Kéier geklaut ginn ass, gouf net gesot. An Däitschland sollen d'Montanten och staark variéieren, den Inneministère schwätzt hei vun tëscht 20 a 440'000 Euro. De Schued, deen un de Gebaier entsteet ass dobäi awer meeschtens grouss, esou och bei de Fäll zu Lëtzebuerg.
Kuckt een sech d'Fotoen un, da gesäit een, dass d'Maschinne selwer dacks meterwäit aus der Mauer geschleidert ginn.
Gas an d'Bankomater geleet an ugefaangen
An Däitschland sinn iwwerdeems déi meeschten Automate mat Hëllef vun engem Gasgemësch, dat an d'Bankomater geleet an du gezünt ginn ass, gesprengt ginn. Op d'mannst am Fall vum Mäerz beim Postbüro zu Nidderaanwen war dëst och de Fall.
An eenzele Fäll wieren an Däitschland och fest Sprengstoffer genotzt ginn.
Banden aus Holland a Polen
Weider schreift den däitschen Inneministère, dass d'Dote virun allem op Banden aus Polen an Holland zeréckzeféiere wieren. No der Sprengung zu Heischent den 9. Juni hat d'Police hei am Land no nordafrikaneschen Täter gesicht, déi an Holland wunne géifen. Wéi et vun der Police geheescht huet géife si sech schonn e puer Deeg virun der Dot d'Bankomater méi genee ukucken, fir se dann duerno ze sprengen.
Op all Fall sollen sech grad hollännesch Banden op d'Sprenge mat Gas spezialiséiert hunn. Do si vill Maschinnen an der Tëschenzäit mat Gasdetekteren a spezielle Schlitzer equipéiert.
Eng weider Méiglechkeet ass jo nach eng speziell Faafbomm, déi d'Schäiner bei Gewaltawierkung op de Bankomat afierft.
Wéi et vum däitschen Inneministère nach heescht hätt dëst an den Nopeschlänner zu enger däitlecher Baisse vun esou Sprengunge gefouert.