US-Magazin "People"Den Idris Elba ass de "Sexiest Man Alive 2018"

De briteschen Acteur Idris Elba ass dem US-Magazin "People" no de "Sexiest Man Alive".

Leschten Update: 06.11.2018, 10:54:38

© Stefanie Loos / AFP

Nom George Clooney, David Beckham an Adam Levine dierf sech elo och den Idris Elba "Sexiest Man Alive" nennen. De "People"-Magazin huet de briteschen Acteur zum schéinste Mann vum Joer ausgezeechent.





De 46-järege "Luther"-Star huet sech der Zäitschrëft no iwwerrascht gewisen. Hien hätt sech selwer eng éischte Kéier kritesch an der Spigel gekuckt, wéi hie vun der Auszeechnung gewuer ginn ass, gëtt de Brit vun der Zeitung zitéiert. Fir hie wier et awer ee schéint Gefill esou bezeechent ze ginn - a mat Sécherheet géif domat säin Ego gepusht ginn.

© VALERIE MACON / AFP