
© Pexels
Knapps ass Halloween eriwwer, scho steet Chrëschtdag virun der Dier. Wien Ufank November am léifsten direkt d’Kürbisse mat Kleesercher, Liichterketten a Co. ersetze wëll, deen ass net onbedéngt ongedëlleg, mee einfach méi happy. Respektiv kann dëst méi séier ginn, esou de Psychoanalytiker Steve McKeown, deen d’Etüd bestätegt datt fréit dekoréiere méi glécklech mécht.
Firwat dat esou ass leit am Fong op der Hand: Vill Mënsche sinn Dag fir Dag mat engem stressegen an hekteschen Alldag konfrontéiert a wëllen sech dowéinst niewelaanscht mat Saache beschäftegen déi dovun oflenken. A well vill Leit hir Kandheet als stressfräi an onbeschwéiert empfannen, associéieren se virun allem Chrëschtdag mat dësem Gefill. D Deko ganz frei opzehänke verlängert also d’Euphorie, erënnert u schéi Momenter aus der Kandheet a mécht deemno méi glécklech.
Iwwregens verbënnt d’Rëschten eis och mat Persounen déi ee verluer huet an déi ee vermësst, also mat allen Aspekter aus der Kandheet, a suergt esou fir eng angenehm Nostalgie.
Wann d’Leit also d’nächste Kéier d’An verdréine wann der am November de Beemchen opriicht, är "ugly christmas sweaters" undot oder bei "last christmas" lauden haart mat grölt dann denkt ëmmer drun: Wien als éischte rëscht, laacht am Längsten!