Virfall op de BaggerweierenParquet enquêtéiert nach ëmmer am Fall Puto G

De 27-järege Rapper Puto G war den 30. Juni an de Baggerweieren zu Rëmerschen erdronk - en tragesche Virfall, iwwert dee vill diskutéiert ginn ass.

06.11.2018, 16:01:22

© Eldoradio Archiv

Nom tragesche Virfall op de Baggerweieren ass d'Enquête vum Parquet nach ëmmer net ofgeschloss. Dat geet aus der gemeinsamer Äntwert vun de Ministeren Dan Kersch a Nicolas Schmit ervir. An der parlamentarescher Fro vun den LSAP-Deputéiert Franz Fayot an Alex Bodry gëtt sech op en Artikel vun der Zeitung Contacto op wort.lu bezunn. Hei ass et ëm e méiglecht Feelverhale vum Personal op der Plaz gaangen.

An engem Schreiwes vun der Justiz leschten August gouf scho festgehalen, datt et sech beim Dout vum jonke Mann ëm en tragescht Accident handele géif, ouni datt weder Drëttpersounen implizéiert gewiescht wieren, nach d'Algen am Waasser de Rapper ënner Waasser gehalen hätten. Wéinst de Blo-Algen duerft ee jo wärend de Summerméint an e puer Gewässer net schwamme goen, dëst hat deemools awer net fir d'Baggerweiere gegëllt.

Well et sech der Justiz no eben ëm en Accident handelt, wier och keng Autopsie duerchgefouert ginn.

Zum méigleche Feelverhale vun der Persoun, déi deen Dag vum Accident d'Surveillance beim Weier hat, äntweren d'Ministeren, datt dës e puer Diplomer a Certificaten hat, déi ee fir déi Positioun muss hunn. All Joer géif och eng Informatiounsversammlung duerchgefouert ginn, wéi een sech an esou engem Fall ze verhalen huet.

Lauschtert hei de komplette Reportage

Am Artikel vun der Zeitung Contacto hat et geheescht, datt eréischt no enger Stonn de Noutruff ofgesat gi wier. De Minister no wier dëst awer net de Fall gewiescht. Och d'Rettungsequippe vum 112 wieren direkt op d'Plaz gefuer, wéi si den Noutfall gemellt kritt hunn. Dëst wier dann och am Respekt vun de Reegelen a virgeschriwwene Prozeduren ofgelaf.

D'Gemeng Schengen hätt och all di néideg Autorisatioune gehat, fir d'Baggerweieren ze notzen an dem Public zur Verfügung ze stellen. Wat d'Mesuren a Punkto Sécherheet um Site vun de Weieren ugeet, géifen et hei keng ginn. Sou laang de Parquet enquêtéiert, bleiwen d'Hannergrënn vum Dout vum 27-Järegen also ongewëss.

Links