ËmfroWien huet nach ee klassesche Festnetz-Telefon?

Wéi ass et bei iech? Hutt dir nach e Festnetz-Telefon? Mir hu bei de Leit nogefrot.

Leschten Update: 06.11.2018, 16:32:09

© pexels.com

A Frankräich geet d‘Ära vun der Festnetz-Leitung geschwënn op en Enn. De 15. November solle keng klassesch Telefonsleitunge méi verluecht ginn a vun 2023 u soll d’Netz no an no ofgeschalt ginn. D’Festnetz-Telefonen wäert et zwar nach ëmmer ginn, ma se hänken dann un der Internetleitung.

Mir ware mam Mikro ënnerwee an hunn d'Leit gefrot ob si iwwerhaapt nach ee Festnetz-Telefon doheem hunn respektiv ob se deen dann och benotzen.

Wéi ass et bei iech?


Hei zu Lëtzebuerg goufen et op den 1. August nach ongeféier 109.000 klassesch Telefonsleitungen. Dat huet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider op eng parlamentaresch Fro geäntwert. D’Post huet de Clienten, déi des Technologie nach benotzen, recommandéiert op d’Internetleitung ze wiesselen. D’Zil ass et deemno bis 2024 keng klassesch Telefonsleitunge méi ze hunn.

D’Zuel vun de klasseschen Telefonsleitunge geet wéinst zwee Grënn zënter Joren ëmmer méi zeréck. Éischtens well vill Clienten hautesdaags Verträg ofschléissen, déi Internet, Handy a Festnetz kombinéieren. D'Post liwwert dann d'Geräter, an de Festnetz-Uschloss gëtt automatesch mam Internet verbonnen. An Zweetens well déi méi jonk Generatioun bal nëmmen nach de Smartphone benotzt...