Technik a GesellschaftViraussoe sollt een net ze vill gleewen

Ëmmer erëm loosse sech Visionäre, Wëssenschaftler a Medien dozou hiräissen Aussoen iwwer d'Zukunft ze maachen. Ganz dacks leien se awer komplett falsch.

Leschten Update: 06.11.2018, 19:18:48

© Pixabay

De Moment gëtt vill doriwwer geschwat, dass Maschinnen de Mënsch ëmmer méi wäerten ersetzen, sech villäicht esouguer kéinte géint eis riichten. Kuckt een sech d'Entwécklung an de leschte Joerzéngten un, da kléngen esou Behaaptunge ganz plausibel. An awer ass et just eng vu ville Viraussoen iwwer d'Zukunft vun eiser Gesellschaft, iwwer den technesche Fortschrëtt oder soss Aspekter vun eisem Liewen, déi bis ewell nach net agetruede sinn an et villäicht och ni wäerten. Well vill vun deene bekanntsten Aussoen hu ganz wichteg Facteure guer net mat aberechent.

Auto soll de Weltfridde bréngen!

Et läit an der Natur vum Mënsch bei grousse Verännerungen Alarm ze schloen an ze iwwerleeë, wat eng Verännerung, villäicht esouguer eng Revolutioun nieft de positiven Aspekter un Negativem ka mat sech bréngen. Esou hu vill Neierunge Fuerscher, Auteuren oder Medien dozou animéiert Zeenarie fir d'Zukunft ze postuléieren, déi a ganz ville Fäll net, villäicht awer och nach net agetraff sinn.

De Papp vun der Automobilindustrie, Henry Ford, huet z.B. gemengt, dass den Auto e Garant fir de Weltfridde wier – mir waarden nach ëmmer drop. 



Hei de Reportage am Toun!


E-Books sinn den Dout fir d'Buch!

Mat deenen éischten e-Book-Reader hu vill selwer ernannte Previsionisten d'Enn vum Buch verkënnegt. Mä wéi mir gesinn, ass dat nach laang net de Fall. Ähnlech wéi bei de Placken hu Mënschen et ebe gär eppes an der Hand ze hunn, dat se upake kënnen.

Ma grad dës Behaaptung huet d'Time-Magazine 1966 dozou animéiert ze soen, dass Online-Shopping sech ni wäert duerchsetze well: „Fraen et léiwer hätten aus dem Haus ze goen, fir Saachen an d'Hand ze huelen an hir Meenung ze änneren.“ Doriwwer kënnen Amazon a Co. nëmme laachen.

Och d'Tele, de Radio, den Telefon, den Internet an de Computer krute virausgesot, dass se kee Sënn géife maachen a bei de Leit wuel guer kee Succès wäerten hunn.

Musek-Streaming kann net lukrativ sinn!

Wéi séier esou Viraussoen sech als Falsch kënnen erausstellen huet och de verstuerwene Visionär Steve Jobs gewisen. Dee sot nach 2003, dass Streaming-Déngschter fir Musek nëmmen Defiziter maache kënnen.

Mënsch huet d'Decisiounen an der Hand

Mä komme mir no dëse Beispiller nach eng Kéier op d'Maschinnen zeréck: Vill Philosophe ginn nämlech anescht wéi d'Entwéckler dovun aus, dass de Mënsch bei all dësen Entwécklunge selwer Decisioune kann huelen. An dës Decisioune ginn dacks vu ville geholl.
Wa mir also net wëllen, dass Maschinnen eis iwwerhuelen, da mussen se dat och net. Entwécklunge geschéien deemno net vum selwen, ma sinn ofhängeg dovun, wat d'Mënsche wëllen a wéi se ukommen.