Schluss maachen...Muss een och mol mat Frënn!

Hu dir och Frënn oder Frëndinnen, déi u sech keng Kollege méi sinn?

Leschten Update: 08.11.2018, 04:43:22

© pexels

Wéi een an enger richteger Bezéiung Schluss mécht? Doriwwer ginn et Honnerte vun Artikelen a souguer Bicher, déi erklären, wéi ee genee do virgoe kann oder soll, fir deem aneren net ze vill wéi ze doen.

Mä wéi ass et bei ganz normale Frëndschaften? 

Jiddereen hat bestëmmt schonn ee Frënd oder eng Frëndin, mat deenen ee jorelaang mega gutt befrënnt war. Vun engem Moment op deen aneren distanzéiert ee sech bis et schlussendlech just nach eng iwwerflächlech Bekanntschaft ass oder de Kontakt komplett ofbrécht.

Dat kann e puer Grënn hunn: Et plënnert ee wäit vun enee fort, d’Intresse changéieren an et entwéckelt een sech a komplett verschidde Richtungen oder de Kontakt an d’Kommunikatioun huelen einfach ëmmer méi of.

Et huet een sech manner ze soen, bis een denkt: "Wann hien sech net mellt, da mellen ech mech och net!" - an wann een zu zwee esou denkt, jo da war et dat séier mat der Frëndschaft...
© pexels

Dem Psycholog Wolfgang Krüger no ass dat awer ganz normal, well Frëndschaften - anescht wéi eng richteg Bezéiung - vun Ufank un eng agebauten Distanz mat sech bréngen. Et muss een deem aneren net ëmmer erklären, wou ee grad ass a wisou een awer näischt kann ënnerhuelen. Et ass een allgemeng net verflicht, deem aneren ëmmer alles ze soen.

Ausserdeem sinn déi meescht Frëndschaften an der Moyenne op 5-7 Joer limitéiert. Wie méi laang wéi 7 Joer befrënnt ass - an dat ouni dës Frëndschaft bis dohi forcéiert ze hunn - do stinn d'Chancë gutt, dass d'Frëndschaft fir ëmmer ass.

Et kann awer och funktionéieren, eng Frëndschaft no 5-7 Joer ze retten, andeems ee versicht, dat selwecht Verhältnis wéi fréier op d'Rei ze kréien. Allerdéngs mussen dofir awer déi zwee dovun iwwerzeegt sinn. Een eleng kritt dat net hin.

Wann s du wärend dem Liesen elo dauernd un ee bestëmmte Kolleg oder eng bestëmmte Frëndin geduecht hues, dann iwwerlee dir elo mol, ob et net derwäert wier, déi Frëndschaft ze retten, amplaz e Schlussstréch ze zéien.