Fuerscher behaaptenFrae leide méi dacks ënner Schlofstéierungen

D'Deeg gi méi kuerz a mir kéinten de ganzen Dag laang schlofen. Dobäi kënnt, datt d'Fraen anscheinend nach vill méi schlecht schlofe wéi d'Männer...

Leschten Update: 07.11.2018, 16:46:46

© Pexels

Wärend dem Hierscht an och an de Wanterméint ass ee gefillt 24 op 7 midd. An dorunner ass och eppes drun: Eise Schlofrhythmus riicht sech nämlech duerno, wéi vill Stonnen et de ganzen Dag iwwer hell ass. Mir sinn also souzesoe vum Dagesliicht ofhängeg. An hei spillt d'Hormon Melatonin eng wichteg Roll. Melatonin mécht eis midd! Wann et hell ass, gëtt d'Produktioun vum Hormon nämlech ënnerbrach. Fréier zum Beispill hunn d'Leit sech un dëse Rhythmus gehalen – nom Sonnenënnergang ass et schlofe gaange fir géint Mëtternuecht nees opzestoen.

E puer Etüden hunn iwwerdeems erausfonnt, datt Schlofstéierunge bei Frae méi heefeg optrieden, wéi bei Männer. Deemno solle 65% vun de Fraen an 20% vun de Männer nuets direkt e puer mol waakreg ginn an och net méi richteg aschlofe kënnen. Ee Grond dofir ass verschiddene Fuerscher no déi staark hormonell Schwankungen am weiblechen Organismus. Dacks leide Fraen nëmme wärend bestëmmte Phase vun hirem Menstruatioun-Zyklus ënner Schlofproblemer. Wärend enger Schwangerschaft ass dat deemno och de Fall.

Lauschtert hei de komplette Reportage

Hei kënnt dobäi, datt Frae generell scho méi e liichte Schlof wéi Männer hunn. D'Frae ginn also vill méi einfach waakreg a reagéiere méi sensibel op Kaméidi – dozou gehéieren dann och Geräischer wéi d'Schnaarche vum Partner. Weider géife Frae vill méi laang brauchen, fir anzeschlofen. Suergen, Problemer oder soss Gedanke beschäftegen dat weibleche Geschlecht dacks méi.

Fazit: Frae schlofen anescht wéi Männer – si brauche souguer méi Schlof a schlofen anscheinend och besser eleng am Bett...