Wéi ee méi produktiv ka sinn5 Tipps vum Elon Musk

De Milliardär Elon Musk gëtt senge Mataarbechter ëmmer nees Tipps fir méi Produktivitéit.

09.11.2018, 04:00:58

© Brendan Smialowski / AFP

Den Elon Musk ass ee vill beschäftegte Mann. De Südafrikaner wëll mat Tesla an dem Hyperloop eis Aart vun der Fortbeweegung revolutionéieren a mat Space X de Mars erueweren. Fir seng Mataarbechter mat an säi Bann ze zéien, huet de Milliardär elo e puer Tipps fir méi Produktivitéit ginn.

Sou ass dem Elon Musk säin éischten Tipp keng grouss Reuniounen ze maachen. Dat wier dem 47 Järegen no dacks Zäitverschwendung. All Mataarbechter sollt ee Meeting direkt verloossen, wann hien d’Gefill kritt, hie kéint näischt dozou bäidroen. Och bei Telefonskonferenze sollt een dat maachen. Him no wier dat net onfrëndlech. Villméi onfrëndlech wier et den Anere wäertvoll Zäit ewech ze huelen. Allgemeng soll ee Meetingen nëmmen dann ofhalen, wann een eppes Wichteges ze beschwätzen huet.

Och sollt een ëmmer iwwert den direkte Wee kommunizéieren. Wëll ee Chef eppes wëssen, sollt en dat direkt bei der concernéierter Persoun nofroen an net aus Bequemlechkeet iwwert e puer Persoune fueren. Sou géife just domm Mëssverständnesser entstoen.

Den Elon Musk ass dann och kee Frënd vun Ofkierzungen. Alles wat fir d’éischt erkläert muss ginn, sollt ee vermeiden. Mataarbechter sollte keen Dictionnaire auswenneg léiere mussen, fir bei enger Entreprise schaffen ze kënnen.

Zu gudder Läscht sollt jiddereen ëmmer nom Prinzip vun der Logik Entscheedungen treffen. Wann eng Reegel an der Entreprise kee Sënn ergëtt, sollt een déi einfach ignoréieren. Virschléi fir eng méi effizient Entreprise kéinten d’Mataarbechter zu all Moment areechen.

De Musk ass bekannt dofir, ëmmer nees esou Tipps u seng Mataarbechter ze ginn. Hie mécht dat schonn zënter Joren a leet seng Entreprise domat däitlech anescht wéi seng Konkurrenten. Effizienz ass dobäi déi iewescht Prioritéit.

Lauschtert hei d'Reportage am Audio: