Studentefoire 2018Wësst dir scho wéi et no der Première viru geet?

D'Schüler fänken esou lues un sech z'informéieren an ze plangen - riets geet vun der Sich nom ideale Studium oder eng Léier- oder Schaffplaz.

09.11.2018, 04:02:28

© Eldoradio

Et ass eng Fro, déi eist zukünfteg Liewen natierlech verännert an eis an eng gewësse Richtung dirigéiert - et geet ëm d'Decisioun, déi mer nom Lycée huelen. Geet ee studéieren? Sicht ee sech eng Léierplaz? Oder soll een direkt schaffe goen? Genee ob esou Froe soll een op der Studentefoire eng Äntwert kréien.

Wéi all Joer gëtt nees am November d'Studentefoire an den Hale vun der Luxexpo organiséiert. D'ACEL wéi och aner Studenten-Cerclë sinn op der Plaz an informéieren iwwert déi eenzel Méiglechkeete fir ze studéieren an awer och iwwert d'Studenteliewen.

Eldoradio war och op der Plaz an huet iech dobausse gefrot, ob d'Foire iech weiderhëlleft oder ob jidderee just wéinst de Bicker do ass...

D'Studentefoire 2018 - Är Äntwerten

De Gilles Johann, Comitésmember vun der ACEL an zoustänneg fir d'Informatioun, ass och zefridde mam Konzept vun der Foire:

De Gilles Johann vun der ACEL