Bréckendeeg 2019Sou kënnt dir är Vakanz bal verduebelen!

Enn vum Joer 2018 gëtt et op der Aarbecht d’Vakanz 2019 geplangt. Mir soen iech, wéi dir Bréckendeeg am beschten notzt, fir méiglechst laang fräi ze hunn.

Leschten Update: 08.11.2018, 13:54:36

Den Neijoerschdag vum Joer 2019 ass een Dënschdeg. Vläicht hutt dir jo nach 4 Congésdeeg Rescht – a kritt esou eng zousätzlech Woch Vakanz.

Den Dag vun der Aarbecht um 1. Mee fält op ee Mëttwoch. Dat bedeit: 2 Congésdeeg erginn am ganzen 5 fräi Deeg.

Fest Gréissten am Bréckendagskalenner sinn Ouschteren a Péngschten. Ween di lescht Woch Abrëll 4 Deeg Congé hëlt, huet mat Ouschterméindeg am ganzen 9 Deeg fräi. Och de Péngschtméindeg den 10. Juni bitt sech un, fir eng kléng Vakanz ze plangen.

Ronderëm den Nationalfeierdag den 23. Juni brauch een dogéint kee Congé ze huelen. Deen Dag fält op e Sonndeg.

Ëmmer gutt fir ee verlängerte Weekend ass och Christi Himmelfaart Donneschdes den 30. Mee.

Och Maria Himmelfaart de 15. August fält op en Donneschdeg. Och hei kritt ee mat engem Congésdag ganzer 4 fräi Deeg. Allerhellgen ass d’nächst Joer Freides- ee verlängerte Weekend huet een also egal wéi.

Besonnesch gutt loossen sech 2019 d’Chrëschtdeeg notzen. Si falen op Mëttwochs an Donneschdes. Mat 3 Deeg Congé kënnt een also op 9 fräi Deeg.

A wien 2 Deeg méi investéiert, kënnt souguer op insgesamt 12 fräi Deeg. Well den 1. Januar  2020 fält op ee Mëttwoch. Eng gutt Méiglechkeet, fir eng Bréck an dat neit Joer ze schloen.

Lauschtert hei de ganze Reportage