Gréng Luucht vun der UNESCOWéi geet et weider mam Tram?

Ier den Tram duerch d'Avenue de la Liberté op d'Paräisser Plaz fiert muss nach vill geschéien. Beem, Busarrêten, Dreckskëschten a Bänke musse fort.

09.11.2018, 15:33:14

© mddi.lu

Den Tram huet sech zu Lëtzebuerg etabléiert, och wann en de Moment nëmme vum Kierchbierg bis op d'Stäreplaz fiert. 3 nei Arrête sinn also schonn 2018 bäi komm. Ma zanter dem Summer gëtt jo scho weider gebaut- Zil ass bis an der éischter Halschent vum Joer 2020 op d'Paräisser Plaz ze kommen. Ma do goufen a ginn et nieft de bauleche Schwieregkeeten nach eng Rëtsch aner Saachen un déi een hat missten denken.

UNESCO gesäit Tram positiv

De 7. November huet d'UNESCO dem sougenannten „tronçon B“ vum Tram zougestëmmt. Méi genee ass et ëm d'Streck tëscht der Bréisseler Plaz, d.h. do wou den Tram dann op de Pont Adolphe eropfiert an der Paräisser Plaz gaangen.

Hei de Reportage am Toun!


Vun der UNESCO huet et esouguer geheescht, dass d'Verlängerung iwwer d'Bréck an duerch d'Avenue de la Liberté net méi wéi déi sëlleche Busser an Autoe géif stéieren, ma dass en am Contraire e Fortschrëtt fir d'Liewen an der Stad géif duerstellen.

Op Nofro beim Kulturministère huet et geheescht, dass d'UNESCO vun Ufank un an d'Pläng mat abezu gi wier. Esou hätt ee präventiv an am Sënn vum Denkmalschutz kënne plangen. Hätt d'UNESCO zu Paräis nach Recommandatioune gemaach, dann hätten d'Pläng missten iwwerschafft ginn.

© mddi.lu


Ënnerierdescht Netz muss ersat ginn

Fir dass den Tram sech méi harmonesch an d'Bild vun der Stad respektiv an d'Avenue de la Liberté agliddert wäert d'Streck vun der Stäreplaz bis op d'Paräisser Plaz, dat si ronn 2 Kilometer, ouni Uewerleitung gebaut ginn. Dofir mussen an enger éischter Phase déi ënnerierdesch Stroum-, Gas- a Waasserleitungen an der Avenue de la Liberté erneiert an zougänglech gemaach ginn.

© mddi.lu


Al Beem ginn duerch neier ersat

Enn Oktober waren dunn och déi éischt Beem laanscht d'Strooss ëmgehae ginn, am ganze sinn dat 49 Platanen an 23 Kiischtebeem. 10 dovu gi laanscht de Vëloswee zu Uespelt ëmgeplanzt. Och Dreckskëschte, Bänken a Bushaisercher musse fort. Duerno sollen an der Avenue 76 nei grouss Beem geplanzt ginn.

Da ginn 2019 ganzer 12 nei Zich geliwwert. A wéi gesot soll dësen Ofschnëtt da fir déi 2. Halschent 2020 fäerdeg sinn.

Links