#unfollowmeEn Zeeche géint Friemenhaass a Rassismus setzen

De Smudo vun de Fanta 4, de Rapper Sido an den Tëleesmoderator Klaas Heufer-Umlauf wëllen hir riets Follower lass ginn.

09.11.2018, 16:01:23

© Pexels

Sou oder esou ähnlech léisst sech d'Aktioun #unfollowme zesummefaassen. D'Stare wëlle géint Rietspopulismus a Friemenhaass virgoen a maachen dat iwwert dee Medium, iwwert deen een am einfachsten esou vill Leit wéi méiglech areeche kann an iwwert deen een genee déi Leit uschwätzt, déi et betrëfft: Si fuerderen hir Social-Media-Communautéit op, si ze entfollowen. Méi konkret wëllen d'Staren net méi vu Follower mat rietse Gedanken ënnerstëtzt ginn.

Wéi et d'Organisatioun "Laut gegen Nazis" matgedeelt huet, start di ganz Aktioun den 9. November an ass och vun hinnen an d'Liewe geruff ginn. Si gi vu prominente Leit ënnerstëtzt, ma awer ka jiddereen, deen an de sozialen Netzwierker aktiv ass, hei bäi matmaachen.

Lauschtert hei de komplette Reportage

Et ass nach méi speziell, wann ee bedenkt, datt Follower, Likes an eng grouss Reechwäit déi Wärung vun de Stare ass. A genee dat soll dat Ganzt nach méi verstäerken: Kënschtler, déi hir Follower lass wëlle ginn, ass hautdesdaags alles anescht wéi normal. Duerch dës kënnt och de Succès, op deen een als prominent Persoun jo méi oder manner ugewisen ass. D'Organisatioun "Laut gegen Nazis" weist sech deemno nach méi zefridden, datt se an hirer Aktioun sou ënnerstëtzt gëtt.

De Message ass deemno ganz einfach: Mam Hashtag fuerdert ee Follower op, datt si een entfollowen, wann si rietsextrem Astellunge verteidegen. Friemenhaass a Rassismus sinn eng Realitéit, géint déi een zesummen en Zeeche setze wëll.