
© Youtube
Zenter der Entwécklung vum mobillen Handy zum Smartphone huet d’Industrie kee groussen an och kee populäre Sprong méi gemaach.
Trends wéi 3D-Bildschiermer a Smartphone mat austauschbare Komponente sinn 2 vu ville Konzepter, déi net um Maart ukomm sinn. Déi grouss Innovatioun, déi de ganze Maart verännere soll, léisst op d'mannst fir de Moment nach op sech waarden.
Den Tech-Gigant Samsung huet hiert neiste Konzept op enger Developer-Konferenz presentéiert. Et ass e Smartphone mat engem Ecran, deen ee fale kann - ähnlech wéi e Buch. Op enger Säit gëtt et ee klengen Ecran a wann een den Handy wei e Buch opklappt, dann huet een e grousse Screen - ähnlech wéi en Tablet. Wärend der Konferenz gouf e Prototyp vun esou engem Smartphone gewisen.
Samsung revealed its first foldable phone, with "Infinity Flex Display." pic.twitter.com/NvVfMfoR59
— CNET (@CNET) November 8, 2018
Et ass op alle Fall impressionnant ze gesinn, ewéi propper sech de groussen Ecran fale léisst. Et beweist, dass flexibel Screens am Alldag net méi wäit fort sinn.
Dass d’Konzept awer nach an de Kannerschong stécht, geséit een awer. De Prototyp ass onpraktesch karéiert an nach extrem deck. De sougenannten "Bezel", also de Rand um Screen vum Handy, ass riseg an d’Software ass och mat liichtem Retard gelaf.

Ob Samsung Infinity Flex sech duerchsetze kann, steet op d'mannst fir de Moment nach an de Stären, mee ech sinn ëmmer gespaant, néi Iddien ze gesinn.