
© Eldoradio
D’Blizzcon 2018 war eng vun de méi turbulenten an de leschte Joer mat e puer groussen Ukënnegungen an engem nach gréisseren Debakel.
Fänke mer mat den übleche Saachen un.
Fir World of Warcraft an déi néi Erweiderung Battle for Azeroth goufen et en néien Trailer a weider Informatiounen. D’selwecht fir Overwatch an Heroes of the Storm, déi jeeweils 1 néie Charakter kruten.
Interessant ass et och ginn, wéi World of Warcraft Classic a Warcraft 3 Reforged annoncéiert goufen. Fir Blizzard Veteranen ass et eng wëllkomm Invitatioun al Aventuren néi an erneiert z’erliewen.
Bis dohin alles schéin a gutt, d’Presentatioun ass dem Enn zougaangen... an du koum Diablo.
Nodeems Diablo 3 2012 erauskoum, waren d’Hardcore Fans hongereg op Diablo 4 an d’Spannung am Publikum war grouss. Erwaardunge goufe MASSIV enttäuscht well et koum keen Diablo-Nofolger fir de PC, mee e Mobile Game fir Smartphonen - d’Fans waren net frou.
Et ass e Marketing-Fail, wéi een e schonn eng Zäitchen net méi gesinn an am mannste vu Blizzard erwaart huet.
D’Reaktiounen si bis op e gewëssene Grad verständlech. D’Blizzard Community besteet zum gréissten Deel aus Hardcore PC-Gamer an esou eng Ukënnegung wierkt, wéi wann den Entwéckler seng eege Fans ignoréiere géing. Wou een awer eng haart Grenz muss zéien ass, wann onzefridde Fans eenzelen Aarbechter vu Blizzard Menacë schécken a se iwwer sozial Medie belästegen.
Léif Léit, et ass ok onzefridden, enttäuscht oder souguer rosen ze sinn, mee et ass kee Grond Léit dowéinst ze dreeën.