
Et ass scho Wahnsinn wann ee bedenkt, dass et déi erfollegräichste Girlband vun allen Zäiten an hirer Originalformatioun säit 1998 eigentlech netméi existéiert. An de leschten 20 Joren huet et keng Band gepackt, méi e grousse Succès ze hunn ewéi d’Spice Girls. Sie hunn bis dato iwwert 85 Millioune Placke verkaf an hier Debutsingle “Wannabe” huet et a 37 verschiddene Länner op Platz 1 vun den Charts gepackt. Mee och wann dat alles scho ganz laang hier ass, esou ass Groussbritannien säit leschter Woch erëm total am Spice Girls Féiwer. An dat läit haaptsächlech dorun, dass d’Grupp vir 2019 eng Reniontour ugekënnegt huet.
Lauschtert hei de Reportage:
10 Daten am Mee a Juni d’nächst Joer sinn vir dës Tour bis elo annoncéiert ginn, an d’Ticketen ware méi schnell ausverkaf wéi een Spice Girls Reuniontour soe konnt. Den Undrang war esou grouss, dass deelweis 700,000 Leit eleng op der Waardelëscht waren, vir iwwerhaapt Ticketen kenne ze kafen. Rumeuren no soll et awer net nëmme bei deenen 10 Date bleiwen an et gëtt och gemunkelt, dass et e puer Optrëtter ausserhalb vu Groussbritannien wäert ginn.
Dass d’Victoria Beckham bei dëser Reunion net mat derbäi ass, iwwerrascht wuel keen. Mee dat schéngt d’Briten net weider ze stéieren. Dausende vu Pond gi mëttlerweil vir Ticketen online gebueden, déi d’Leit anscheinend och bereet sinn ze bezuelen. Ween dann trotzdeem op e Concert vun der Band well goen, dee muss dës Woch en A op Facebook an Twitter halen. Et soll nämlech anscheinend netméi all ze laang daueren, bis déi nächst Optrëtter annoncéiert ginn...
Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter