Tam-Tam White and FriendsChrëschtaktioun, déi Famillen hëllefe soll

Et huet net jiddereen déi néideg Sue fir d'Chrëschtzäit. Ma et kann een awer mat aneren deelen a genee dat ass d'Iddi hannert dëser Spendenaktioun.

Leschten Update: 12.11.2018, 12:42:30

© Eldoradio

Nächste Mount fänkt déi grouss Bescheerung nees un: Vill Cadeauen a vill frou Gesiichter. Ma net fir jidderee gesäit dat am Dezember esou aus, dat weess och de Steve Schneider vun Tam-Tam White and Friends a huet viru 4 Joer eng Spendenaktioun an d'Liewe geruff. Esou soll deene Kanner, déi aus wéi engem Grond och ëmmer, keng Cadeaue kréie kënnen, eng Freed gemaach ginn. D'Sue ginn net un Associatiounen, mee u privat Leit.

Lescht Joer sinn 8.300€ zesumme komm an esou konnten 78 Kanner glécklech gemaach ginn. De Steve selwer spent och. Pro Kand sinn et dann ongeféier 100€, déi ageplangt ginn. D'Kanner, respektiv d'Famillen, ginn iwwer aner Leit vermëttelt. Ganz vill Ufroe géifen esou erakommen, esou de Steve. Wa Suen iwwreg bleiwen, ginn déi op dat nächst Kand iwwer oder et gëtt eng bei enger Assistante Sociale no weidere Kontakter gefrot. Mëttlerweil gouf an deem Kader och eng Asbl an d'Liewe geruff an e Konto ageriicht, ob deen een d'Suen iwwerweise kann.

Lauschtert hei de komplette Reportage

D'Leit sinn dem Steve no, begeeschtert vum Projet a vertrauen him, datt déi Suen och wierklech do ukommen, wou se gebraucht ginn. Deemno kritt och keen d'Suen esou an de Grapp gedréckt an d'Suen dierfen och just fir Cadeaue fir d'Kanner investéiert ginn. Fir de Steve huet déi ganz Aktioun och en emotionale Volet: Natierlech héiert hien déi eenzel Geschichte vun de Leit, wat geschitt ass a wisou si sech keng Cadeaue leeschte kënnen. Fir den Organisateur ass et deemno eng Häerzenssaach, déi him och selwer Freed mécht. Wann dir also och dozou wëllt bäidroen, kënnt dir iech op der Facebook-Säit Tam-Tam White and Friends beim Steve mellen.