
© Pixabay
Mir hunn et zu Lëtzebuerg gutt an dierfe vill, wann och net alles. Wat Kierperkontakt ugeet, do ginn et just e puer Reegelen, déi d'Ëffentlechkeet betreffen, doheem ass awer alles erlaabt, soulaang et natierlech kengem schued. Aner Länner sinn do scho méi streng, virun allem wat d'Ëffentlechkeet ugeet.
Kussverbuet an der Ëffentlechkeet
Kussen an der Ëffentlechkeet ass hei am Land kee Problem an och wann deen een oder anere sech doru stéiert kann een einfach soen: „Pech gehat.“ Ma dat ass net an all Land esou. An Indonesien, Dubai, Indien, Malaysien a Russland ass d'Kussen an der Ëffentlechkeet verbueden och wann een an deem eng oder anere Land net onbedéngt mat Konsequenze muss rechnen.
Méi skurril ass d'Gesetz am US-Bundesstaat Michigan, do ass et gesetzlech verbuede fir sech op engem Sonndeg ze kussen, zu Eureka an Nevada, dierf e Mann mat engem Schnurres net kussen. An Iowa dierf een sech zwar kussen, dat awer net méi laang wéi 5 Minutten a Wisconsin ass d'Kussen am Zuch verbueden.
Ma och an europäesche Länner ginn et déi eng oder aner komesch Reegelen. A Frankräich ass et z.B. verbueden sech op enger Barrière ze kussen. Argumentéiert gëtt hei mat der Sécherheet.
Experimenter a Luucht si verbueden
Zu London ass Sex op engem ofgestallte Motorrad per Gesetz verbueden. Ma och an der eegener Kummer ginn et Gesetzer un déi ee sech theoretesch muss halen: Esou ass Sex an Ungarn just erlaabt, wann d'Luucht ausbleift. Wien et gären e bësse méi akrobatesch wëllt, deen sollt da Washington D.C. Evitéieren, do ass Sex nämlech nëmmen an der Missionarsstellung erlaabt.
D'Pistoul bleift während dem Orgasmus agepaakt
A bleiwe mir nach an den USA: Zu Cleveland an Ohio ass et Frae verbuede lacke Schong bei engem Rack unzedoen – dora kéint sech nämlech de Slip spigelen. An e Gesetz, wat wuel wierklech onbedéngt huet missten hir gëtt et zu Connorsville a Wisconsin. Hei dierfe Männer keng Waff benotzen, während hir Partnerin en Orgasmus huet.
Bleift nach ze soen, dass dëst nëmmen e klengen Auszuch vu skurrille Gesetzer ronderëm d'Léift war. A bei deene meeschte muss een sech wierklech d'Fro stellen, wat muss virgefall sinn, dass esou Gesetzer néideg waren.