Stan LeeDen Erfinder vu Spiderman, Hulk an Iron Man ass dout

De legendäre Comic-Auteur Stan Lee ass am Alter vu 95 Joer gestuerwen. Hien ass ënner anerem de Mat-Erfinder vun de Marvel Comics.

Leschten Update: 13.11.2018, 07:32:23

© AFP/File/VALERIE MACON

Den Erfinder vu Spiderman, Iron Man an Hulk ass dout. De wuel bekanntste Comic-Auteur Stan Lee ass am Alter vu 95 Joer zu Los Angeles gestuerwen. Hien hat mam Marvel-Verlag honnerte vu Comic Helden erfonnt a sech d’Geschichten ausgeduecht. Vill vu senge Geschichte goufen och verfilmt. 

Lauschtert hei de Reportage vum Bryan iwwer de Stan Lee: