
Wien schéi wëll si muss leiden, dëst Spréchwuert kritt enger Etüd no eng ganz nei Bedeitung. Fuerscher vun der University of Wesminster hunn de Kalorieverloscht beim Horror-Film-Kucken ënnersicht an dobäi festgestallt, datt sech grujele genee esou effektiv ka sinn, wéi sech ze beweegen.
Wärend dem Kucke vun de verschiddene Filmer goufen d’Häerzfrequenz, d’Sauerstoffopnahm an d’Unzuel vun de verbrannte Kalorië gemooss. D’Resultat war datt 4 vun 10 Persoune méi Kalorie verbannt hunn wéi gewéinlech. De Film, dee fir de gréisste Kalorieverloscht gesuergt, a soumat dat gréisste Regimm-Potential huet, ass de Psycho-Thriller The Shining vum Stanley Kubrik.
Den duerchschnëttleche Kalorieverbrauch louch bei 184, ongeféiert déi selwecht Mass déi ee soss wärend engem Spadséiergang vun enger hallwer Stonn verléiert. Grond ass hei d’Hormon Adrenalin, deen d’Angscht am Kierper ausschëtt an de Stoffwiessel an d’Luucht dreift. Wat de Puls méi eropgeet, wat och méi Energie verbrannt gëtt. An och wann d’Häerz méi séier klappt, an d’Blutt fléisst (am Kierper, net am Film), huet dat en Effekt op de Kierper dee normalerweis eng Sport-Sessioun hätt. Wann et also grujeleg gëtt, op kee Fall d’An zouhalen.
Wärend Horror-Klassiker de Regimm fërderen, bewierken Action Filmer iwwregens de Géigendeel. Duerch d’Oflenkung vun der séierer Handlung am Film passt een do nämlech net drop op wat ee wärenddeem konsuméiert. Anescht bei Talkshows, ausser déi si langweileg, oder ebe bei Horror-Filmer, do mécht d’Naschele richteg Spaass, ëmmerhi mécht ee jo esou gesi gläichzäiteg eppes Guddes fir d’Figur.