
© Pixabay
Iwwer Bakterien, déi resistent géint Antibiotike sinn hu mir jo an der Tëschenzäit scho vill héieren. Ma elo hu Fuerscher aus Däitschland e ganz neie Wee fonnt, wéi sech dës Resistenze kënnen iwwerdroen an dat op eng Aart a Weis, déi een sech bis ewell kaum konnt virstellen, grad well dës Produiten esou verkaaft ginn, dass een se theoretesch ouni ze wäsche kann direkt aus der Verpackung iessen. Gemengt ass fäerdeg verpaakten a virgeschnidden Zalot, wéi een se an der Tëschenzäit an all Supermarché ze kafe kritt.
An all de 24 Zalote goufe resistent Bakterien nogewisen
An der Fachzeitung „mBio“ schreiwen d'Fuerscher vum Julius-Kühn-Institut vu Braunschweig, dass agepaakten Zalote fir direkt z'iessen an allen Tester mat resistente Bakterie veronrengegt sinn. Dofir hate si 24 Tute vu verschiddene Marken a verschiddene Supermarchéë kaaft an déi dunn analyséiert. Ma elo muss dat nach näischt heeschen an et ass och esou direkt nach kee Grond fir Panik.
An deene 24 Zalote goufen all Kéier kleng Quantitéiten u Kolibakterie fonnt, déi géint den Antibiotik Tetrazyklin, dacks och nach géint aner Antibiotiks-Klasse resistent sinn. Tetrazyklin gëtt virun allem an der Déieremedezin agesat. D'Keime selwer si grondsätzlech emol ongeféierlech grad och an där klenger Quantitéit an där se giess ginn.
Gentransfert tëscht verschiddene Bakterie méiglech
De Problem ass awer, dass d'Bakterie Restistenzgenen droen. Nodeems een d'Zalot giess huet, kënnen d'Bakterien dës Genen am Daarm op aner Keimen iwwerdroen. An dëse sougenannten horizontale Gentransert klappt esouguer tëscht de verschiddene Bakterienzorten. An domat kënnen déi éischter ongeféierlech resistent Bakterien hir Resistenz u méi geféierlech Keime weider ginn, déi dës an hir Genen ophuelen.
Frësch Zalot ass besser
E weidere Problem ass, dass d'Keimen an der Tut sech rasant ausbreeden. Wat also d'Tut méi laang do läit, wat d'Zuel vun de Bakterie klëmmt. Urspréng kann d'Kontaminatioun der vill hunn, vun organeschem Dünger, dem Buedem, dem Wand, der Bewässerung bis hin zu wëllen Déieren.
Ma dat heescht awer elo net, dass een d'Zalot muss desinfizéieren, Bakterie gehéieren zu all Zalot an droen ënner anerem och zum Goût bäi, esou d'Fuerscher. Déi roden iwwregens zu frëscher Zalot, do hunn d'Bakterie manner Zäit sech auszebreeden. Et geet dann duer, se einfach mat Drénkwaasser uerdentlech ze botzen, fir d'Opnam vu Bakterien ze verklengeren.