Lëtzebuergesch/italieneschen Duo IceleakMat Hëllef vum Tiësto gouf den Duo weltwäit bekannt

Den Italiener Nelson Tordera an den Lëtzebuerger Filipo Gorla sinn zanter engem gudde Joer als Duo ënnerwee-ënnert dem Numm Iceleak maachen si EDM/Elektro.

Leschten Update: 13.11.2018, 12:55:16

De Lëtzebuerger Producer Filipo vum Duo Iceleak


De Filipo kënnt aus der Elektro Club Szene, den Nelson huet an engem Conservatoire studéiert an och scho Musek fir bekannt Designermarken komponéiert.

Zu Milano hunn di 2 Museker sech kenne geléiert an decidéiert hir ënnerschiddlech musikalesch Aflëss am Projet Iceleak ze kombinéieren.

Kuerz drop gouf den hollänneschen Star-DJ Tiesto op den Duo opmierksam an huet e puer vun hire Singelen op sengem eegene Label eraus bruecht, dorënner d’Single „Don't Leave Me“.

Lauschtert hei de ganze Reportage


Weider Infos fannt der hei