
© Pixabay
Vum Perseiden-Stroum am August gi mer eriwwer op d'Leoniden-Stäreschnäizen am November. Vum 13. November un stinn d'Chancen immens un, ganz vill Stäreschnäizen um Himmel ze gesinn.
De Maximum gëtt dann de Weekend erreecht, dat an der Nuecht vum 17. op den 18. November. Erwaart ginn dëst Joer ëm déi 10 Stäreschnäize pro Stonn.
Am beschte sinn dës an de fréie Moiesstonnen ze gesinn, wann et nach däischter ass. Evitéiere sollt ee Plaze mat vill Luucht. Hannert dem Numm Leoniden stécht d'Stärebild vum Léif. Aus der Richtung vun dësem Stärebild sollen d'Leoniden um Himmel optauchen. Wéi bei de Perseiden kommen dës Stäreschnäizen och vun engem Komet, deem seng eenzel Stécker an d'Äerdatmosphär antrieden. Méi schwéier se ze gesinn kann et awer ginn, well d'Leoniden gehéieren zu de séierste Stäreschnäizen. Si fléie mat enger Vitess vu bis zu 70 Kilometer pro Sekonn iwwert eis. All 33 Joer erreechen d'Leoniden dann hire Maximum.
Eng schlecht Nouvelle fir all Astronomie-Fans gëtt et awer och nach: D'Experte rechne mat manner Stäreschnäize wéi d'Jore virdrun. Wien dës Woch da keng Zäit huet, dee kann sech schonn op déi nächst Geleeënheet freeën:
An der Nuecht vum 13. op de 14. Dezember gëtt de Maximum vun de sougenannte Geminiden-Stäreschnäizen erwaart, déi solle mat 120 Stäreschnäizen d'Stonn méi aktiv sinn, ewéi d'Leoniden.