Hausdéier vs CharakterSinn ech domm, wann ech eng Schildkröt hunn?

Wee wollt als Kand net och onbedéngt en Hausdéier? Mee wat seet äre Choix iwwert iech aus?

Leschten Update: 14.11.2018, 08:16:40

© Unsplash

Hond:

Dat typescht Hausdéier schlechthin ass den Hond. De beschte Kolleg vum Mënsch. Charakterlech hunn d’Besëtzer vun Hënn net onbedéngt eppes gemeinsam, do misst een dann méi spezifesch op d’Rass agoen.
Wat een awer allgemeng soen kann ass, dass de Besëtzer vum pelzegen Véierbeener am Häerz ëmmer e gudde Mënsch ass.

Kaz:

Bei Katzebesëtzer kann een scho méi genau soen, wéi déi Leit esou ticken. No bausse gi se sech immens selbstbewosst, selbststänneg, introvertéiert an oft bësse gefillskal.
Wann se awer just fir sech sinn, denken se oft drun wéi schéin et am Fong awer ass, Zäit zesumme mat engem ze verbréngen, deem ee vertraue kann a mat deem een iwwer alles schwätze kann.

Fësch:

Wann ee Fësch gär huet, an zwar net beim Japaner um Teller mee doheem am Aquarium, dann ass en éischter e rouegen Typ, deen als éischt grëndlech nodenkt befiert en handelt an sech net schnell stresse léisst. Meeschtens huet en alles ënner Kontroll an déi meescht Schrëtt a sengem Liewen si geplangt.

Villercher:

Ween Frënn vun Villercher ass, deen huet wahrscheinlech och en zimlech Action gefëllte Liewen. Hir verreckt Faarwen an dat hyperaktiv Gehops fierwen sech dacks op hire Besëtzer of. Am Kloertext: D’Vullefrënn maache gäre Party.

© Unsplash

Schildkröten:

An dann hu ma nach Schildkröten. Studien hunn do erausfonnt, dass an 32% vun de Fäll, d’Besëtzer do net vill méi schlau si wéi hier gepanzert Kollegen. Leit wou Schildkröten hunn sinn zwar immens frëndlech, oft och witzeg an hëllefsbereet, mee leider och net déi hellste Käerzen um Kuch.