Skurril AdventskalennerenLéiwer Schockela oder Sex-Spillsaach?

Vum 1. Dezember un heescht et moies erëm: Dieren opmaachen!

Leschten Update: 15.11.2018, 10:38:24

© Pexels

Gläich ass et erëm sou wäit. Als Kand ass et den Highlight vum Dag, mee och Erwuessener freeë sech nach ëmmer, et ze maachen. Vum 1. Dezember u kënne ma moies erëm all Dag eng Dier vun eisem Adventskalenner opmaachen an eis iwwert e Stéck Schockela, eng Kamell, eng Spillsaach oder en **** freeën.

Jo genee! Zu de skurrilsten Adventskalenner gehéiert ënner anerem och e Fetisch-Adventskalenner. Wann e Stéck Schockela iech ze langweileg ass, da fann da hei hannert den Diere beispillsweis eng Peitsch, e puer Fesselen oder e Set Nippel-Klameren - e Kalenner fir méi intressant Chrëschtdeeg.

Och net schlecht ass den Gin-Adventskalenner. Dee kascht ronn 130€ a proposéiert iech all Dag en anere Gin am Mini-Format. Hei si souwuel déi bekanntsten, wéi awer och méi exotesch Gins. Unzerode wär hei villäicht just, d’Dier eréischt owes opzemaachen an net moies virun da Aarbecht.
© pexels

E bësse méi en opreegenden Adventskalenner huet als Motto: "Gib diesem Adventskalender den Rest!" Hei geet et drëms, d‘Dieren einfach ze zerstéieren, fir erauszefannen, wat dohannert ass. Dëst entweder mat enger Schéier, mat Feier oder dir leet Vullefudder op d’Dier a waart bis e Villchen iech se oppicke kënnt. Deemno wéi al deen ass, deen de Kalenner kritt, muss ee just kucken, dass e Feierläscher parat steet...

Zum Schluss gëtt et dann nach e Kalenner fir d'Krimi-Fans. Dësen ass mat Kugele gefëllt, déi een och op de Beemchen hänke kann an déi jeeweils e Stéck vun enger Krimi-Geschicht enthalen. De Mord an da Geschicht gëtt eréischt mat da leschter Kugel opgedeckt, sou dass et all Dag bis zum Schluss spannend bleift, wärend deem ee selwer mat rätsele kann, wien dann elo de Mäerder ass.

Villäicht krut dier jo elo och Loscht op e bësse méi skurrillen Adventskalenner...

Lauschtert hei de komplette Reportage