
© pexels.com
Zu Ersfeld an der Géigend vu Bonn an Däitschland gouf dës Woch en néie Projet ageweit. En 90 Meter laange Vëloswee, deen direkt als Solaranlag déngt. D'Materialie solle robust a rutsch-fest sinn an am Wanter och de Schnéi schmëlze loossen. Dem 56 Joer ale Ingenieur no kënnen déi 150 Solar-Modullen am Joer bis zu 16.000 Kilowattstonne Stroum liwweren. Dat entsprécht ongeféier engem Joresverbrauch vu 4 Haiser.
De Vëloswee hätt dem Entwéckler no awer och d'Virdeeler, dass en ënnert anerem de Kaméidi absorbéiere géif an e kee Wanterdéngscht bräicht. D'Wäermt vun de Solar-Modulle géif am Wanter de Schnéi an d'Glatäis verhënneren.
100 Meter Vëloswee géife ronn 50.000 Euro kaschten. Dat klengt no engem deiere Spaass, mee de Stroossebau ass deier, wann ee bedenkt, dass 1 Kilometer Autobunn an de Milliouneberäich geet.