„Ech gi kuerz virun d'Dier“Reegelméisseg Pause lounen sech fir Patron an Employé

Dass reegelméisseg Pause während der Aarbechtszäit vill méi positiv wéi negativ Auswierkungen hunn ass der Wëssenschaft scho laang kloer.

Leschten Update: 14.11.2018, 12:41:03

© Pexels

Dir kennt et, dir sëtzt stonnelaang um Büro an iergendwann wëllt de Kapp net méi esou richteg. Do mécht et da Sënn eng Kéier kuerz en Tour ze maachen, emol an d'Frësch Loft ze goen a kuerz erofzekommen. Dass dat duerchaus nach aner positiv Wierkungen huet, déi och dem Patron an der Entreprise zegutt kommen, dat ass an der Tëschenzäit duerch vill wëssenschaftlech Etüde beluecht.

Keng kloer Reegelung zu Lëtzebuerg

An Däitschland ass d'Dauer vun der Paus während der Aarbechtszäit kloer gereegelt. No 6 Stonnen Aarbecht ass eng Paus vun 30 Minutte virgeschriwwen. Hei zu Lëtzebuerg ass se op d'mannst am Gesetz virgesinn, dat awer bei wäitem manner definéiert.

Bei enger deeglecher Aarbechtszäit vun iwwer 6 Stonne muss d'Aarbecht duerch eng oder méi bezuelten oder onbezuelte Pausen ënnerbrach ginn, déi der Zort vun der Beschäftegung entspriechen. D'Dauer vun dëser Paus ass awer gesetzlech net gereegelt, et läit also theoretesch beim Patron.

Ma fir dee mécht et duerchaus Sënn, wa seng Employéeën net 11 Stonnen um Stéck duerchschaffen, och wann sech der vill vun eis och ouni Drock vun Uewen, net un dorun halen.

Hei de Reportage am Toun!


Reegelméisseg Pause steigeren Aarbechtsleeschtung

D'Fuerschung huet gewisen, dass Leit, déi reegelméisseg Pausen aleeën sech besser villen, net esou midd sinn a manner Kappwéi hunn. An natierlech kaschte Pausen Zäit mä se steigeren awer och d'Aarbechtsleeschtung. Dat ganz einfach well eist Gehir Pause brauch fir Informatiounen ze verschaffen an anzeuerdnen.

Weider gëtt domat och d'Kreativitéit ugereegt. Dat kennt dir bestëmmt all: Déi beschten Iddie kommen op der Toilette oder an der Dusch an net, wann een ugestrengt um Schreifdësch nodenkt.

Pause reduzéieren Aarbechtsaccidenter

En drëtte Virdeel hu Pause fir de Patron d'selwecht wéi fir seng Mataarbechter: D'Zuel vun den Aarbechtsaccidenter geet nämlech erof. Net nëmmen a Beruffer bei deenen ee mat schwéiere Maschinne muss schaffen, Gefierer muss steieren oder voll konzentréiert eng geféierlech Aarbecht muss maachen ass dat wichteg. Och de Wee vun der Aarbecht an Trajete während der Aarbechtszäit ginn esou méi sécher. Pause bréngen der Entreprise also am Resumé méi wéi se hir schueden – virausgesat natierlech et iwwerdreift een et net.