Weltdag vun de StroossenafferAVR fuerdert méi Radaren a méi Kontrollen

E Samschdeg ass den internationalen Dag vun de Stroossenaffer, dofir wäert d'Associatioun vun de Stroossenaffer zu Jonglënster de Verkéiersaffer gedenkten.

Leschten Update: 16.11.2018, 07:55:36

© Pexels

An deem selwechte Kader huet d'Associatioun och eng ganz Rëtsch Doleancen un déi zukünfteg Regierung an déi Responsabel aus der Politik formuléiert a weider wäert och de Pilotprojet op der Streck tëscht Jonglënster an Eeschweller virgestallt ginn.

Beem ëmplanzen a Streck mat Leitplanke sécheren

Iwwer de Pilotprojet war scho geschwat ginn, hei sollen déi verschidde Sécherheetsaspekter analyséiert an nei Mesuren ausprobéiert ginn, fir d'Strooss do méi sécher ze maachen, erkläert de Raymond Schintgen, President vun der Associatioun vun de Stroossenaffer.

Weider wéilt een sech am Kader vun dësem Projet och de Beem unhuelen. Nieft Leitplanken, déi déi geféierlech Streck do sollen ofséchere wéilt een och de Kontakt mat de Proprietäre vun den Terraine laanscht d'Strooss siche, fir mat deenen zesummen ze kucken d'Beem ewech ze huelen an se an engem méi groussen Ofstand zur Strooss, eng 5 Meter wäit ewech unzeplanzen. Esou misst een net op d'Ausgesi vun der Strooss an op d'Biodiversitéit verzichte ma se géif méi sécher ginn.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Méi fix a mobil Radare, méi Kontrollen an eng richteg Verkéierspolice

Weider huet d'Associatioun jo nach eng ganz Rëtsch Fuerderunge gestallt, ënner anerem méi fix a mobil Radaren, méi Kontrollen an eng Verkéierspolice.

Weider misst och d'Kollaboratioun mat de Gemeng verstäerkt ginn a méi 30er-Zone gemaach ginn.

Handy, Tablet an Alkohol bleiwe weider e grousse Problem

Och den Handy, Drogen an den Alkohol um Steier missten anescht bestrooft a reglementéiert ginn, esou de Raymond Schintgen nach.

Weider missten d'Efforten a Saache Sensibiliséierung weidergefouert a souguer nach verstäerkt ginn. Wat de Führerschäin ugeet, hei ass et nach d'Fuerderung d'Fuerufänger besser op d'Strooss ze preparéieren an de Punktesystem ze iwwerdenken.