Foodies opgepasstA wéi engem Land soll ee wat iessen?

Lonely Planet ass bekannt fir d'Recommandatioune vun zukünftege Reesdestinatiounen – an engem neie Wierk gouf Vakanz a gutt Iessen dann elo kombinéiert.

15.11.2018, 05:03:48

© Pexels

Et kéint een hei och vun der neier kulinarescher Bibel schwätzen. D'Iess- a Rees-Spezialiste vu Lonely Planet huet déi Klassiker a Saachen Iessen zesummegesicht, an dat och op europäeschem-Niveau – esou wäit muss een also net onbedéngt reesen. De Spezialisten no soll et zu Neapel di beschte Pizza Margherita ginn. Am Buch heescht et, datt hei esou eng Pizza z'iesse wéi eng reliéis Erfarung wier. D'Pizza aus dem Tiefkühler kann da wuel awer net mathalen... Di beschten op däitsch bekannten "Zimtschnécken" sollen et a Finnland ginn. Ënnert dem Numm Korvapuusti bekannt, ginn dës traditionell mat Téi oder Kaffi zerwéiert.

Fir d'Vegetarier ass natierlech och deen een oder aneren Highlight dobäi: Zu Beirut, der Haaptstad vum Libanon, soll et dee beschten Halloumi-Kéis ginn. Et kennt een se aus dem IKEA: déi bekannten an och beléifte Köttbullar! Bei engem Besuch am Miwwelgeschäft geet fir bal keen de Wee laanscht di populär Bouletten. Wien e grousse Choix wëll hunn, deen dann och nach als dee beschte gehandelt gëtt, kann zu Stockholm säi Gléck probéieren. Esou komplizéiert wéi dës Séissegkeet klengt, ass se net: Trdelnik si Spiralen aus Deeg, déi mat Zocker an Kanéil verséisst ginn. Eng Partie Patisserien zu Prag maachen och nach Glace dobäi an esou gëtt de Spaass zu enger richteger Kaloriëbomm.

Éisträich huet et dann direkt mat 4 Spezialitéiten an de Guide gepackt: "Apfelstrudel", Mozart-Kugelen, "Sachertorte" an de klassesche Wiener Schnitzel sollen natierlech an Éisträich am beschte sinn – scho bal e bësse vill Klischee. D'Rezept fir de beschten Apfelstrudel soll aus dem Joer 1969 sinn – e Klassiker also. Eis däitsch Nopere sinn natierlech och vertrueden, dat ënnert anerem mat der Currywurscht an der "Schwarzwälder Kirschtorte". Fir di beschten "gauvres belges" soll een den Iess-Experten no op Léck fueren: Klassesch, mat Uebst, Schockela oder Schlagsahn oder ganz geckeg mat Jughurt a Smarties – d'Offer hei soll net enttäuschen.

Lauschtert hei de komplette Reportage

Lëtzebuerg mat sengem traditionelle Judd mat Gaardebounen an de gudde Kniddele vun der Mamm ass an dësem Guide dann net vertrueden...